Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Oktober 2023

1. Aktivitéiten a Formatiounen 2023-2024 (SAFAB)

2. Datumer vun den nationalen an internationalen Campen bis 2030

3. Nohaltegkeetsdag

4. Spirir fir Kids

5. Info zu den SNJ-Formulairen

6. De verbesserte Budget


1. Aktivitéiten a Formatiounen 2023-2024 (SAFAB)
 
 

1. Aktivitéiten am Kader vum Mot d'ordre (2023-2026): "D'Zukunft gehéiert eis"

Wëllt dir e flotte Projet/Versammlung zum Theema vum Mot d’ordre an ärem Grupp ëmsetzen? Dobäi sammele mir mat iech an äre Kanner/Jonker Iddie fir e klenge Projet, dee mir
zesummen ausschaffen an ëmsetzen.

Dossier zum Mot d'ordre

Zum Theema "Participatioun a Matbestëmmung bei den LGS" fannt dir en Dossier um LGS-Site.

 

Weider Informatiounen
Dossier zum Mot d'ordre
2. Formatioun: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen (zesumme mat der Cnapa)

No dem positive Feedback vu leschtem Joer proposéiert de Centre national de prévention des Addictions de Scoutscheffen eng zweete kéier d’Formatioun zum Thema: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen.

 

Weider Informatiounen

Zum Ufank

3. De Mini-Grupperot

Dir wëllt de Kanner a Jonken aus ärem Grupp d’Méiglechkeet ginn hir Meenung fräi ze äusseren, konkret Virschléi ze maachen an sech mat deenen anere Branchen austauschen ze kënnen? Si sollen sech aktiv an d’Geschéie vum Grupp abréngen an Decisioune mattreffen däerfen?

Dann ass de Mini-Grupperot genau dat richtegt fir iech!

 

Weider Informatiounen
4. Fit fir de Summercamp

Hues du Loscht mat ären AvEx oder CaraPio, iech ganz praktesch op äre Summercamp virzebereeden?
Wärend dësem Weekend wëlle mir de Cheffen an de Jonken eng Parti praktesch Workshoppen ubidden.

Weider Informatiounen

Zum Ufank


2. Datumer vun den nationalen an internationale Campen bis 2030

 
Et ass erëm esouwäit. Nom Go|Urban 2017 wëllen d'LGS 2030 den nächste grousse Camp fir all eis Branchen organiséieren. Bis dohin stinn awer nach e puer flott Datumer am Kalenner:
 

2024 —> Dat ass de Summer vun de Gruppecampen. Profitéiert dovun.

2025 —> Nationale Wëllefcherscamp

2026 —> Nationale CaraPio Camp (& eventuell RaRo Odysse)

2027 —> Nationale Biber Camp + Jamboree a Polen + Haarlem Jamborette

2028 —> Nationale AvEx Camp

2029 —> Dat ass de Summer vun de Gruppecampen. Profitéiert dovun.

2030 —> LGS Internationale Camp

Zum Ufank


3. Nohaltegkeetsdag

 

Theema: Energie

Samschdes de 25. November 2023


Mir invitéiert Iech ganz häerzlech ob den 2. Nohaltegkeetsdag vun der LGS. Mir huelen Iech mat op eng Visitt duerch Pompspeicherkraaftwierk vun der SEO a mir diskutéieren iwwer d’ Wand- a Solarenergie zu Lëtzebuerg. Dat ganzt gëtt mat engem gemittlechen Owesiessen ofgeschloss.

 

Mëllt Iech un fir dëse spannenden Dag mat eis ze verbréngen! 

Umeldung a weider Infoen

Zum Ufank


4. Spiri fir Kids

 

Op dëser Säit fannt dir Informatiounen zu den Aktivitéiten vum Projet "Spiri fir Kids"

Zum Ufank


5. Informatiounen zu den SNJ Formulairen 

 

De Service National de la Jeunesse (SNJ) huet d'Verbandssekretariat opmierksam gemaach, datt ëmmer nach al Formulairë benotzt ginn. D'Sekretariat vum SNJ wäert an der Zukunft keng Formulaire méi acceptéieren, déi net aktuell sinn.

Dir fannt ëmmer déi aktuellst Versiounen

Benotzt wgl. an der Zukunft nëmmen dës Formulairen.

Zum Ufank


6. De verbesserte Budget

 

Am Budget, deen um Kongress 2023 presentéiert gouf, war e Rechefeeler dran. De Feeler ass behuewe ginn an d'Finanzcommissaire schécken op dësem Wee déi verbessert Versioun un iech.

De verbesserte Budget (PDF)

Zum Ufank

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken