Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Gruppenekipp - News

Leif Gruppecheftainen an Gruppechef,

Wei um Chefdag ugeschwat, well Gruppenekipp mei no bei den Gruppen sinn an mei mat iech an Kontakt stoen.

Fir dat dëst geléngt, hu dir elo all en Pätter oder eng Giedel vun der Gruppenekipp kritt. Dësen huet sech an den lëschten Deeg oder Wochen bei iech gemellt hutt. D’ Giedel oder den Pätter mëllt sech reegelméisseg nei ärem Grupp an probéiert en och esou gutt wei méiglech ze ënnerstëtzen.

Wann dir nach näischt kritt hutt an och näischt am Spam gelant ass, kënnt der gären op gruppen@lgs.lu eng Email schécken an dann mellt deen zoustännegen Pätter / Giedel sech bei iech.

Mer giffen eis op eng äntwert freeën.

Pätter / Giedel fir däin Grupp
Wou steet däin Grupp?

Aus den éischte Konklusiounen vum Aarbeschtsgrupp "Wuesstem" ass d'Initaitiv Data Scouting enstaan. An dëser geet et drems, eis Daten schwätzen ze doen fir en anere Bléck op eise Verband, eis Gruppen an eis Memberen ze kréien.

En éischten Outcome vun dëser Initiativ ass de Gruppendashboard, deen e Bléck op d'Memberschaft vun all lokalem Grupp erméiglecht. Dëst souwuel zum aktuelle Moment sou wéi am Laf vun der Zäit.

D'Daten déi den Dashboard alimentéieren baséieren op komplett anonymiséierten Extraiten aus dem Membersfichier. D'Iddi ass et fir iech Gruppecheffen eng Iwwersiicht iwwert äre Grupp ze ginn.

En Accès op den Dashboard kënnt der hei ufroen: LGS Data Scouting: Gruppen. Op der éischter Säit vum Dashboard fënnt een dann och méi Erklärungen zu all Graphique. Wann der Froen oder Feedback zum Dashboard hutt kënnt der déi gären un datascouting@lgs.lu riichten.

Leif Gréiss
d'Gruppenekipp
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg