Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS CaraPio - Template

De Funkraid ass ee flotte Rallye mat Funkapparat, Kaart a Kompass fir CaraPio Truppen. Maach mat!

CaraPio Nuetsfunkraid

Wat ass dat ?

Een Hike mat Funk fir all CaraPio Truppen. Um Programm steet:

- Crashcours an der Orientatioun (Kart a Kompass).
- Crashcours an der Funk-Kommunikatioun.
- Orientéirungslaaf bei all Wieder duerch d’Land.
- Gruppenchallenge an klengen Ekippen.
- Een Erliefnis wat sécher hänken bleift!

Dëst ass eng National Aktivitéit an ass domat besonnesch intressant fir Truppe mat wéineg Chef oder Chef déi nach keng gülteg Ernennungen hunn.

Wéini / Wou ?

Samschdes den 27. Januar 2024 zu Bilschdrëf
Sonndes den 28. Januar 2024 zu Bilschdrëf

Start: Samschdes Mëttes tëschent 14:00 an 14:30 Auer,
Schluss: Sonndes Moies tëschent 10:30 an 11:00 Auer.

Präis an Umeldung?

Andeems all Trupp sech iwwert den Online Formulaire umellt:

Online Umeldung (Chefbox > Desk > Ekippen / AGen > CaraPio)

an och d’Participatioun vu 35,00 € pro Persoun op de Konto vun de CaraPio iwwerweist:

- Kontosnummer: BILL LU38 0026 1827 9868 5600
- Vermierk: Funkraid 24 - Trupp - Unzuel CaraPio - Unzuel Chef
-
Just eng Iwwerweisung pro Trupp w.e.g.

D'Plaze si begrenzt, ma déi éischt si vir. :-)

Umeldeschluss ass de 7. Januar 2024!

Wichteg: D'Chef ginn och mat!

Mathuelen?

- Topo-Kart 1:20.000 R2 (Stauséi)
-
Kompass + Réimer
- Blat + Bic
-
Bidon
-
Gezei fir bei all Wieder
-
Gamelle a Besteck
-
Thermofläsch (+/- 1L) fir Zopp mat ze huelen
-
Schlofsak, Carry Mat, Zännbischt
-
Schlappen

Froen?     

Zéck net a mell dech bei eis: carapio@lgs.lu

Mir freeën eis op dech,

d’CaraPio Ekipp

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg