Wëllefcher - CAMP 2025
Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Léif Wëllefcherscheffen a Cheftainen,

bestemmt hues du scho matkritt, dass am Juli 2025 deen nächsten nationale Wëllefcherscamp ass.

Hues du Loscht fir de Camp 2025 matzedenken, matzeschwätzen a matzegestalten?

Da mell dech elo un: Fëll de Formulaire am Link aus, an da kënns Du op eis Lëscht! (Déi Leit, déi sech um Chefdag schon an di Lëscht agedroen haten, brauchen dat natierlech neméi ze maachen, är Donneën hu mir schon)

Denkt bei ärem Engagement awer och drun, dass genuch Cheffe wärend dem Camp bei de Kanner musse sinn. Den Akela muss net onbedingt bei de Kanner sinn; op engem nationale Camp geet et duer wann een AWC bei de Kanner ass.

 

Notéier dir dës 2 Datumer am Agenda:

Save the date: 1) 

Samsdes, den 13. 1. 2024: Rendez-Vous fir all déi Leit, déi sech am Programm wëllen engagéieren. RV ass den 13.1. vun 17:30  20:00 Auer an der Géisserei.

Save the date 2)

Samsdes den 3. 2. 2024 vu 17:30 – 20:00 Auer an der Géisserei. Dëse Rendez-Vous ass fir jiddereen dee Loscht huet an iergendenger Form ze hëllefen! Do lancéiere mir déi eenzel Aarbechtsgruppen, déi dann onofhängeg vuneneen schaffe kënnen.

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken