| Léif Wëllefcherscheftainen an -chef, Déi Centser Wëllef freeën sech Iech dëst Joer op de Wëllefchersrallye ze invitéieren, an zwar den 28.04.2024 an der Stad. Dir kennt Iech ab elo a bis spéitstens de 7.1.2024 provisoresch umellen iwwert de folgende Link: LINK FORMULAIRE Fir dass d'Organisatioun gutt klappt, gitt eis w.e.g. eng méiglechst genau Unzuel vu Wëllefcher a Chef un. Eng definitiv Umeldung mat Iwwerweisung vun de Sue brauche mer da bis den 10.3.2024  Hei nach eemol déi wichtegst Detailer: Datum: 28.4.2024 (de ganzen Dag) Plaz: Lëtzebuerg-Stad Präis: 10 € pro Wëllefchen an 0 € pro Chef (abegraff sinn Transport, Badge a Programm)    Mat de beschte Guide-Scoutsgréiss, Déi Centser Wëllefcherschefekipp |