Léif Biberchef a Bibercheftainen,
Mat dëser Newsletter wëlle mir iech un de Bibermud den 11 Mee zu Lëlz erënneren.
Geplangt ass, dass d’Biber no engem gemeinsame Start e flotten Dag um Rallye verbréngen. Ier et dann erëm Heem geet, gesi mir eis nach emol all fir e gemeinsamen Ofschloss erëm.
Den Transport gëtt vun der Biberekipp organiséiert. Dëst kënne mir maachen, soubal d’Umeldungen ofgeschloss sinn.
Vergiesst net iech bis den 1 Februar 2024 ënnert follgendem Link unzemellen.
Déi definitiv Umeldung ass dann den 1. März 2024.
Mir freeën eis op iech!
Är Biberekipp |