Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS RaRo - thinking Day

Thinking Day 2024: Our World, Our Thriving Future

 

Fir wien? CaraPio & RaRo & Chef bis 23 Joer

 

Wou? Ronderëm an um Neihaischen

 

Wéini? de 24.-25.2.2024

 

Präis: 40€ pro Persoun, oder fräiwelleg 42€ fir engem méi aarme Land seng Cotisatioun vu WAGGS ze bezuelen

 

Wat? : Komm mat op zwee Deeg voller Erliefnesser um Neihaischen! Dëst Joer dréint de Thinking Day sech ëm d’Thema “Our World, our Thriving Future” – also wéi mer an enger méi nohalteger Welt mat manner Aarmut liewe kënnen. No engem Hike schaffe mir an Atelieren, Workshoppen an Diskussiounen zesumme mat LGS Aarbechtsgruppen awer och mat enger Rei Leit vu baussen Iddien aus, wéi mir dat kënnen hikréien, ganz am Zeeche vun eisem Mot d’ordre „The Future is Ours“.

 

Den Owend genéisse mir bei engem Walking Dinner deen um Feier am Keltenhaus preparéiert gëtt. Sonndes kanns du däi Kachtalent op verschiddenen Stänn (vegetaresch, Dessert etc.) ënner Beweis stellen, fir dass mir de WE bei engem Outdoorbrunch kennen zesummen ofschléissen.

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg