Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Wëllefcherscamp 2025 - Ofstëmmung Campthema

Léif Wëllefcherscheftainen a Chef,


Mat dësem Newsletter wëlle mir iech drun arënneren, dass dir nach bis haut de Mëtte 16h30 Zäit hutt, fir mat ären Wëllefcher e Campthema auszewielen an iwwert de Formulaire ofzestëmmen. Alleguer Informatioune fannt dir nachemol hei drënner: 

---

Getrei eisem neie Mot d’ordre „The future is ours“ wou d’Participatioun am Virdergronn steet, kënnen d’Ruddelen aus dem ganze Land d’Thema decidéieren

Schwätzt an enger vun deenen 2 nächste Versammlunge mat äre Wëllefcher kuerz iwwer déi 3 Proposen a gitt, bis den 1.2, ärem Liblingsthema är Stëmm! Pro Ruddel gëtt et eng Stëmm an dat meeschtgewielten Thema wäert herno d’Campthema ginn!

 

  1. Missioun Cassiopeia l Wëllefcher a Chef, starte mat hierem Liichtgeschwindegkeets-Raumschëff op Weltraum Missioun. Leider leeft net alles wéi geplangt a mir stranden op engem frieme Planéit. Beim Opprall kënnt et zu enger grousser Explosioun an d'Stécker vum Raumschëff fléien an all d'Himmelsrichtunge fort.  Déi frëndlech Bewunner vum Planéit verstinn eis zwar net, mee bidden eis hier Hëllef un. Mat hinne fléie mir duerch hiert Sonnesystem a versichen all déi passend Stécker nees opzesammelen, fir dono eist Raumschëff hoffentlech rëm zesummesetzen ze kënnen. 

  2. Zauberwelt vu Mistaria l Häerzlech Wëllkomm léif Wëllefcher, heimat wëlle mir iech an d‘Zauberwelt vu Mistaria invitéieren. Dëst ass dem Zauberer Merlin seng Akademie an och dir hutt elo Chance ären Zaubererofschloss hei kënnen ze maachen. Nieft allerlee Zauberwëssen erwaart iech hei, e Quidditch Turnéier, verwonschen Aventuren a wee weess, villäicht kritt dir souguer ären éischten Zauberstaf.

  3. Mam Wölfi duerch d'Zäit Zesumme reese mir all Dag mam Wölfi senger neier Zäitmaschinn an eng aner Epoch a maachen eis do op d'Sich no de bekannte Charakteren aus der Zäit. An engem Tagebuch halt dir fest, wat dir op ärer Rees entdeckt a ween dir alles kennegeléiert hutt. De Wölfi freet sech op äerch :)

 

 

Oofstëmmen kënnt dir iwwert folgenden Formulaire: Formulaire Campthema

Mir si scho ganz gespaant wat bei der Ofstëmmung erauskënnt a soen deene motivéierte Chef, déi des Themen an der Versammlung ausgeschafft hunn, lo schonn e grousse Merci!

 

Hues och du Loscht fir de Camp 2025 matzedenken, matzeschwätzen a matzegestalten?

Da mell dech elo un: Fëll de Formulaire Camp hëllefen aus, an da kënns Du op eis Lëscht! (Déi Leit, déi sech um Chefdag schon an di Lëscht agedroen haten, brauchen dat natierlech neméi ze maachen, är Donneën hu mir schon)



Save the date:

Samsdes den 3. 2. 2024 vu 17:30 – 20:00 Auer an der Géisserei. Dëse Rendez-Vous ass fir jiddereen dee Loscht huet an iergendenger Form um Camp ze hëllefen! Do lancéiere mir déi eenzel Aarbechtsgruppen, déi dann onofhängeg vuneneen schaffe kënnen.

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg