Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Avex

Léif Chefs, Léif Avex,

 

An deenen nächsten Méint steet erëm déi traditionnell Rendez-vous’er vun den Avex um Programm. Dofir kritt dir hei e schon mol e puer Info’en 😀

Stip

Vum 10. – 14. Abrëll 2024 ass den Stip vun den Avex um Neihaischen. Dëst ass den 1. Zyklus vun der Formatioun. Wann’s du um Stip wëlls deelhuelen, dann mell dech elo séier un 😊

 

Umëlldung Stip

Nuetsrallye

Den Nuetsrallye fir d’Avex fënnt dëst Joer den 27. Abrëll 2024 zu Rodange statt. Den Départ vun de jeweilege Gruppen ass tëschen 17 an 19 Auer zu Rodange beim Chalet.

 

Op engem flotten an ofwiesslungsräiche Wee, vun ongeféier 3 Stonnnen, entdecken d’Avex d’Emgéigend vu Rodange an maachen ënnerwee flott Spill an ee Quiz duerf natierlech och net feelen.

 

Als Stäerkung gëtt et an der Halschent vum Wee eng Zopp.

 

D’Participatioun läit bei 10€ pro Avex. Ee Gadget an d‘Zopp sinn am Präiss mat abegraff.


Umëlldung Nuetsrallye

Absurdcup

Den traditionnellen Absurdcup ass dëst Joer den 8. Juni 2024 an der Stat. De Start ass géint halwer 10 an de Schluss wäert géint halwer 5 sinn.

 

Iwwert de ganzen Dag kënnen d’Avex hirt Kënnen bei den eenzelne Spiller ënner Beweis stellen.

 

D’Participatioun läit bei 10€ pro Avex. Ee Badge an eng Wurscht sinn am Präiss mat abegraff.

 

Umëlldung Absurdcup

Mir freeën eis iech op eisen Aktivitéiten ze begréissen,

 

d’Avex-Ekipp

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg