Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Wëllefcher - Newsletter

Wëllkomm beim Wëllefcher-Newsletter. D’Inhalter sinn:

 

  1. Biber- a Wëllefchersandacht, de 4. Mee 2024 an der Stad
  2. Sprangprëssessioun, den 21. Mee 2024 zu Iechternach
  3. Wëllefcher-Naturdag, den 15. Juni 2024 zu Dikkrich 
  4. Reminder: Numm vum nationale Wëllefcherscamp 2025

1)      Biber- a Wëllefchersandacht, de 4. Mee 2024  an der Stad

 

Eis Biber- a Wëllefchersandacht ass dëst Joer Samsdes mëttes, den 4. Mee 2024 ronderëm d’Kathedral. 

Dofir ginn et dëst Joër 2 Formullen: 

Variant 1) Dir kommt mat ärem Ruddel fir 15h an d’Stad a maacht do bei dene klenge Spiller an Atelieren am Kader vun der Andacht mat. Dat wier eng toll Méiglechkeet fir är Versammlung an d‘Stad ze verleeën!

RV ass um 15h um Parvis vun der Kathedral. D’Andacht selwer fänkt um 17:00 Auer un. Schluss ass um 17:30h.

Mellt äre Ruddel bis den 20. Abrëll iwwert folgenden Online-Formulaire un: Umeldung Andacht

------------------------

Variant 2) Dir hutt vläit net genuch Chef fir deen Dag mat de Wëllef an d’Stad ze kommen. Da kënnt dir déi Aktivitéit vläit awer op ären nächsten Infobréif schreiwen, an da kënnen d’Eltere selwer mat hire Kanner an d’Stad kommen.

Schreiwt hinnen, dass si mat hire Wëllef häerzlech wëllkomm an der Kathedral wieren. D’Andacht ass nämlech net just fir ganz Gruppen, mä do kënnen d’Kanner och individuell kommen. Vläit wiere puer Eltere frou fir mat hire Wëllefcher an d’Wëllefchersandacht ze kommen; awer dir als Chef hutt dann dee Moment keng VerpflichtungJ.

Den Elteren kënnt dir dann einfach de RV vu 17h an der Kathedral weidersoen.

2)    Sprangprëssessioun, den 21. Mee zu Iechternach

Fir d’Sprangprëssessioun wëlle mir eng änlech Formule probéieren:

Mir wëssen, dass dir Cheffen net ëmmer kënnt mat äre Wëllef op d’Sprangpressessioun kommen. Vläit kënnt Dir den Elteren awer d’Info weiderginn, dass d’LGS e Grupp hunn, deen all Joer matspréngt a wa si wéilte mat hirem Wëllefchen dorun deelhuelen, wieren si häerzlech Wëllkomm.

Op „cathol.lu“ kënnen d’Elteren e Formulaire eroflueden, fir beim Enseignant vum Kand fir deen Dag an der Schoul fräizefroen. An da kënnen d’Kanner mat hiren Elteren bei eisem Grupp matmaachen.

3)    Wëllefcher-Naturdag, den 15. Juni 2024 zu Dikkrich

 

Eisen Naturdag ass dëst Joër erem zu Dikkrich am Bësch! Et ass en Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen!

Den Naturdag bitt de Wëllefcher 5 verschidden Ecker an deene jeweils verschidden Aktivitéite proposéiert ginn. D’Wëllefcher kënne fräi decidéiren bei wéi eng Aktivitéit si wëlle goen a wéi laang si wëlle bleiwen. Dëst ass also eng ganz partizipativ Approche, déi ganz gutt bei eist neit Mot d’ordre „Zukunft gehéiert eis! „ passt!

 

Dofir verhalt Iech den Datum vum 15. Juni 2024. Méi Infos kommen noJ!

4)    Reminder: Numm vum nationale Wëllefcherscamp 2025

 

Wei am leschten Newsletter verkënnegt wäert Thema vum nationale Wëllefcherscamp 2025 Zauberwelt Mistaria sinn! Elo si mir op der Sich no engem passenden Numm fir eise Camp!  

Nach bis den 5. Abrëll kënnt dir, iwwert follgende Link, eis är flottsten, kreatiivsten, witzegst, Zauberhafts,… Iddien fir de Numm vum grousse nationale Wëllefcherscamp 2025 eraschécken.  Mir freeën eis drop!

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg