Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Nohaltegkeet

Léif Gruppechef,

Déi lescht Méint hu mir, d’Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet, un enger Rei Projete geschafft, iwwert déi mir iech gär hei informéiere giffe bzw. bei deene mir är Ënnerstëtzung brauchen.

  • Second Hand fir Scoutsmaterialien
  • Checklëscht Nohaltegkeet
  • Affiche Gréngen Zweig

Second Hand fir Scoutsmaterialien

Den 9te Mee 2024 fënnt eisen zweete Second Hand fir Scoutsmaterialien statt.

All Member vun den LGS (och d’Elteren) krut de 04.04. den Newsletter hei drënner. Trotzdeem giffe mir iech bieden, nach eemol Reklamm an deenen eenzele Branche vun ärem Grupp ze maachen. Deen Newsletter ass bestëmmt bei villen Elteren ënner gaang.

De Second Hand ass eng gutt Geleegenheet säi Material an de Verkaf ze ginn, mee och fir den 9te Mee sur Place bëlleg (an nohalteg) u neit Material ze kommen. Mir wäerten och eng Hand voll nei Uniformen aus dem Shop deen Dag do hu fir ze verkafen oder unzemoossen.

Am Unhang fannt dir de Flyer fir Reklamm ze maachen. All weider Informatioune stinn hei:

Newsletter vum 04. Abrëll

Léif Guiden a Scouten, léif Elteren, 

Hutt dir doheem nach Scoutsmaterial, wat dir netméi braucht a wëllt dëst verkafen? Mir maachen dat fir iech!

Wéie Material?

- Scouts-Uniformen a Foularden

- Gezei fir bei de Scouten: Reejacketen, Wanderboxen, Wanderschung, …

- Grousst Material: Schlofsäck, Isomatten a Rucksäck

- Klengt Material: Gamellen, Bidonen, Täscheluuchten, …

Wéi fonktionnéiert dat fir d’Saachen an de Verkaf ze ginn?

Du fënns all d’Informatiounen an d’Umellung um Site vun den LGS am Agenda.

Opgepasst, d’Deadline fir sech unzemellen ass den 28.4.2024.

Second Hand – 9. Mee 2024

Den 9. Mee fënnt dann eisen zweete Second Hand Maart an der Staat op der Gare statt. Hei fannt dir vill flott Material zum gëschtege Präis fir op äre Summercamp.

D’Adress

2 rue du Fort Elisabeth – gutt vun der Gare aus mam Tram ze ereechen.

Hutt dir nach Froen, mellt iech op nohaltegkeet@lgs.lu

Checklëscht Nohaltegkeet

Sou gouf schonn um Chefdag erwähnt, wärend der Gruppechef-Rencontre virgestallt an am Platte Knuet beschriwwen: eis Checklëscht fir nohalteg Aktivitéiten.

Zil vun der Checklëscht ass et, de Chef et einfach ze maache fir op d‘nohalteg Aspekter wärend hire Campen, Weekender a gréisser Aktivitéiten opzepassen.

D’Checklëscht hëlleft sou Punkt fir Punkt bei der Virbereedung vun der Aktivitéit. Schéckt een déi ausgefëllte Checklëscht nom Event eran, gëtt et souguer eppes ze gewannen: d’Sandweiler CaraPio-Chefekipp hunn d’lescht Joer fir si an hir CaraPio eng Aktivitéit aus dem Katalog vum SNJ gewonnen.

Huelt d’Checklëscht eemol mat an de Grupperot, a stellt äre Chef se vir. Fir datt och si dervu profitéire kënnen.

Dir fannt se hei:

Affiche Gréngen Zweig

Um Kongress a Chefdag 2023 goufen dës Affichen un all Gruppe verdeelt. Sollt dir nach keng hunn, oder eng zweet wëllen, mellt iech bei eis. Hutt dir se nach net opgehaangen, dann hei eng kleng Erënnerung fir se an äre Chalet, Home an/oder Versammlungssall ze hänken. 

Maacht och roueg är Chef, Jonker a Chaletverwalter eemol op d’Affiche opmierksam. Se liest sech gutt an et sti puer interessant Punkten drop. Vläit kann een se och eng Kéier an eng Versammlung abauen?

Sollt hir zu dëser Mail – oder soss eppes – Froen oder Bemierkungen un eis hunn, zéckt net eis op nohaltegkeet@lgs.lu ze schreiwen.

Léif Gréiss,

D’Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg