Léif Gruppecheftaine, léiwe Gruppechef,
wéi s du vläit matkritt hues, wëllen d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten d'Chefformatioun iwwerschaffen a froen dowéinst d'Meenung zu den aktuellen Offere vun de Formatiounen.
Dofir gouf mat Hëllef vum SNJ ee Questionnaire ausgeschafft, wou esou vill Guiden a Scoute wéi méiglech solle matmaachen.
Dowéinst wollte mir froen, ob s du denge Cheff:tainë kéints drun erënneren, un der Ëmfro deelzehuelen.
D'Ëmfro riicht sech un all Memberen a fréier Guiden a Scoute vu 14 Joer un.
D'Ëmfro ka bis de 15. Mee ausgefëllt ginn. Als Merci kann een nieft engem Gruppeweekend am Chalet Géisserei flott LGS-Gadgete gewannen.
Elo schonn e grousse Merci fir deng Mataarbecht.
Martine Kemp an Dani Rod
Formatiounscommissairen |