Du wëlls ee flotte Badge vun WAGGGS verdéngen?
Feier mat eis de World Thinking Day 2021
D’International Ekipp huet een Actionbound am Kader vum World Thinking Dag gemaach, bei dem jidderee ganz einfach vun Doheem aus matmaachen kann!
Fir bei dësem Bound matzemaachen, muss du just d’App ‘Actionbound’ (Appstore, Google Play) op däin Smartphone eroflueden, den QR scannen an scho kann et lass goen.
An dësem Bound fënns du ee klenge Quiz iwwert de World Thinking Day a WAGGGS am Allgemengen. Duerno geet et weider mat 3 Aufgaben. Wanns du dës 3 Aufgaben erfëlls an d’Äntwerten an den Actionbound erop luets, dann kriss du de Badge fir den WTD 2021. Bei deenen 3 Aufgaben gëtt et kee richteg oder falsch mee se sollen dozou ureegen, fir iwwert Thema ‘Fridden’ nozedenken an wéi mir eis als Guiden a Scouten kënnen zesumme fir de Fridden asetzen.
Vu wéini bis wéini kann ech den Actionbound maachen?
Den Bound wäert ab dem 22. Februar Online goen an och da kanns du den QR Code réischt scannen. Du hues bis den 15 Mäerz Zäit fir all Aufgaben z‘erfëllen.
Wie kann alles matmaachen?
Dëse Bound ka ganz einfach vun Doheem aus gemaach ginn, oder awer och zesummen am Grupp, mee hei denkt drun, déi aktuell Mesuren am Zesummenhang mat Covid-19 ze respektéieren. Dir kënnt natierlech och de Bound zesummen an enger Onlineversammlung maachen. Et gëtt keng Alterslimitt a jiddereen kann matmaachen!
Material, wat gebraucht gëtt:
- Smartphone mat der App ‘Actionbound’ an Internetverbindung
- Eng gliese Fläsch oder ee Glas mat engem Deckel
- 2 Faarwe Glitzer, Sand oder Waasserfaarwen
- Kaarten, déi s du hei fënns
- Virlag op Säit 62
Mir wënschen vill Spaass,
International Ekipp |