Newsletter
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Wëllefcher - Newsletter

1) NATURDAG

2) UMELDUNG HËLLEF UM CAMP

1) Wëllefcher-Naturdag, den 15. Juni 2024 zu Dikkrich

 

Eisen Naturdag ass dëst Joër erem zu Dikkrich am Bësch! Et ass en Dag an der Natur mat villen flotten a fräien Iddien wou dir Iech kennt inspiréiere loossen!

Den Naturdag bitt de Wëllefcher 5 verschidden Ecker an deene jeweils verschidden Aktivitéite proposéiert ginn. D’Wëllefcher kënne fräi decidéiren bei wéi eng Aktivitéitsi wëlle goen a wéi laang si wëlle bleiwen.

Dëst ass also eng ganz partizipativ Approche, déi ganz gutt bei eist neit Mot d’ordre „The future is ours- „ passt!

Wéini?                Samschdes, den 15. Juni 2024 vun 10:00 Auer bis 16:00
                            Auer (dir däerft awer och manner laang kommen; allerdings
                            recommandéiere mir dass dir op d’mannst 3 Stonne mat
                            ärem Ruddel bei eis sidd)

Wou?                  Am Bësch zu Dikkrich beim Fridhaff (mir organiséieren eng
                            Navette vun der Ettelbrécker Gare bis erop)
 

Fir wien?             Fir all Wëllefchers-Ruddel aus dem Land 

Participatioun?  5€ pro Wëllefchen; d’Cheffe bezuelen näischt 

Umellen?             Séier
! Bis spéitstens den 1. Juni op folgendem

Formulaire:        
 Umeldung Naturdag

1) Umeldung Hëllef um Camp 2025

 

Eisen nationale Camp wäert vum 20. bis de 26. Juli 2025 am Zentrum vu Stroosse stattfannen. Thema hunn d’Wëllefchersruddele per Ofstemmung décidéiert an et ass „Zauberwelten, magesch Kreaturen a Wesen“ dobäi erauskomm.

Mir hunn an enger éischter Etapp puer Iddien/Saachen ausgeschafft, a lo siche mir no Leit déi eis bei der Virberedung vun denen eenzelnen Deeg ennerstëtzen.

Konkret geet et em folgendes: 
Beim Programm wäerten et fir d’Wëllefcher folgend Deeg ginn:

    •  e sportlechen Waasser
    • Dag mat e.a. Schwamme goen plus Spiller mat an ouni Waasser
    • en Dag mat enger Sortie plus Prepa vum Nuetsspill
    • en Dag Rally (ronderem de Fräiheetsbam)
    • e kreativen Dag (bessi am Genre vum Naturdag)

 

Dës 4 Deeg ginn am Roulement an de Souscampe gemaach, sou dass mir mat +- 200 Wëllefcher bei sou enger Aktivitéit rechnen.

De 5. Dag ass eng grouss „Olympiad“ virgesinn, wou alleguer d’Wëllefcher op der Campplaz sinn.

Lo eis Fro un dech:

Hues du Loscht dech bei engem Dag an der Preparatioun mat ze engagéieren? Dat wier toll :-) Klick un, wéi een Dag dass du gäre géifs hëllefe preparéieren, an da melle mir eis bei dir fir eng Prepaversammlung.

Formulaire:        
Umeldung Hëllef Camp 2025

 

 

Bis geschwenn,

 

Är Wëllefchers-Ekipp

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken