Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Mot d'Ordre "Komm Mat!"

Léif Cheftainen a Chef,

An dësem Newsletter fannt dir folgend Informatiounen:

 

1. Lancement Mot d'Ordre "Komm mat!"

2. Simply ScOUTing - Sortie
3. Well Done Award - #act4support
4. RAPPEL - Formatioun ZPB

Komm mat! - De Mot d'ordre vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Komm mat! Dat ass de neie Mot d’ordre vun de Lëtzebuerger Guiden an Scouten fir d’Joren 2020-2023. E Mot d’ordre soll en Thema sinn ënnert deem mir eis all zesumme kënne weider entwéckelen a jiddereen eenzel u sengem Fortschrett ka schafffen. Et soll awer och en Thema sinn ënnert deem mir Spaass hun an Neies erliewen.

E Mot d’ordre leeft iwwer 3 Joer an ass eng Opfuederung fir jiddereen, souwuel Membere wei aner Interesséierter, aktiv bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten matzemaachen. All Joer soll ee vun de wichtegen Themen vum Guidissem a Scoutissem méi an de Fokus geréckelt ginn an et sou de Guiden a Scouten erméiglechen iwwert déi ganz Zait un hirem perséinleche Fortschrëtt ze schaffen.

Am 1. Joer konzentréieren mir eis op eist Ëmfeld an eis Ëmwelt. Mir entdecken dobaussen eis Natur an besonnesch d’Abenteuer an d’Spiritualitéit si wichteg bei all eisen Aktivitéiten.

Am 2. Joer gi mir méi wäit a stellen d’Internationalitéit an d’Diversitéit an de Mëttelpunkt. D’Wäerter vun eisem Zesummeliewen an enger Gesellschaft mat ganz verschiddene Kulture ginn an d’Vitrinn gestallt. Mir kënnen dës Wäerter natierlech op internationale Campen am Ausland erliewen mee och hei am Land duerch d’Kenneléiere vun alle méigleche Gebräicher.

Am 3. Joer erliewe mir de Guidissem a Scoutissem am Kontext vun eiser Gesellschaft. Mir setzen ons an fir all eis Matmënschen. Dat Joer ginn dofir d’Participatioun an d’BA (Bonne Action) grouss geschriwwen.

Dréck op d'Bild fir de Lancementsvideo vum Komm mat! ze kucken

 

Méi Informatiounen iwwert de Mot d'ordre an iwwert d'Komm mat...Challenge stinn op lgs.lu/komm-mat

E grousse Merci geet och un d'Emma Bervard fir den Design vum Komm mat! Badge. 👏

Simply ScOUTing - Sortie

Am Kader vum Simply ScOUTing bidde mir och am Februar nees verschidde Sortien un

Mir bidde iech nach eng Kéier d’Méiglechkeet mat enger Branche aus ärem Grupp op d’Neihaische ze kommen fir do während 3 Stonnen Programm zum Thema “Simply ScOUTing” mat äre Jonken ze maachen. Prioritéit hunn déi Gruppen, déi nach fir keng „Simply ScOUTing-Aktivitéit“ um Neihaische waren:

  • Februar: vun 10h-13h oder vun 14h-17h (mellt iech beim Cathy: cathy.kirsch@lgs.lu oder um: 269484-26)
  • Februar: vun 10h-13h oder vun 14h-17h (mellt iech beim Marlen: marlen.oldenburg@lgs.lu oder um: 269484-32)

Mir kucke mat iech de Programm un är Jonk unzepassen, egal ob Hütte bauen, Spiller, Schnëtzen, am Keramik schaffen,… der Kreativitéit si keng Grenze gesat.

 

Méi Informatiounen an Iddien

Well Done Award - #act4support

 

De CePAS (Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires) lancéiert am Kader vun hirer Campagne #act4support eng Challenge an de soziale Medien. Et geet drëms dass déi Jonk sech fir de symbolesche Well Done Award kennen nominéieren. Dësen Award belount hier positiv Handlungen, wou sie sech géigesäiteg wärend der Krise hëllefen a gehollef hunn.

De Videoopruff fir bei dësem Award matzemaache fannt dir hei: 

Weider Informatiounen zum #act4support

RAPPEL

AM GRUPP MATSCHWÄTZEN, MATGESTALTEN

A MATBESTËMMEN - (K)EE PROBLEM?

 

Formatioun fir Cheffen a Kooperatioun mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) 

Samschdeg, den 06.03.2021 vun 10:00-17:00 Auer

 

Umeldung Formatioun
Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken