Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Nationale CaraPio-Camp 2026

Léif Chef, léif RaRo an Albatross,

2026 ass et sou wäit, mir fueren zesummen op den nächsten nationale CaraPio-Camp an Dänemark! 

Déi éischt konkret a produktiv Treffen ënner Campchef hu stattfonnt a mir hu schon eng Lëscht mat super motivéierte Topstaff-Memberen, déi sécher 2026 mat dabäi sinn.

A lo brauche mir dech fir eisen Staff ze ergänzen! Bass du motivéiert fir op e grousse, flotte Carapio-Camp matzegoen? Du hues an der Period vum 18.07.2026 - 01.08.2026 Zäit a wëlls dech eventuell och elo am Virraus scho fir de Camp mat engagéieren? Da mell dech iwwer folgende Link https://chefbox.lgs.lu/desk/carapio-camp-staff/. Du fënns am Unhang eng Lëscht wou kuerz erklärt gëtt, wat d’Aufgaben an deene verschiddene Beräicher sinn.

Staff Umeldung - CaraPio Camp

Et ass wichteg datt s du dech just fulltime an de Staff mells, wanns du net als CaraPio Chef gebraucht gëss fir mat denger Trupp op de Camp ze goen. Geet dat leider net, ass dat net schlëmm. Du kanns och ukräizen datt s de just deelweis um Camp hëllefe kanns.

Du bass dir nach net 100% sécher ob s du am Juli 2026 mat op de Camp kanns? Du kanns dech trotzdeem scho mellen an dat bei denger Umellung uginn. Oder du waarts bis nächst Joer nach eng Mail fir d’Recrutement no Staff-Leit kënnt.

Hues du dech schon eemol op eng Lëscht geschriwwen, datt s du intresséiert wiers fir de Camp, mell dech w.e.g. nach eemol iwwert dëse Link un.

Hues du Kanner, déi net am CaraPio-Alter sinn an déi awer mat op de Camp komme giffen, dat ass kee Problem. Mir wärten eng Crèche (an eventuell e Mini-Camp) hunn.

No denger Umellung, wärt sech am Summer ee vun de Campchef oder soss aus dem Topstaff ee bei dir mellen. 

Mir freeën eis elo schon dech bei eis am Staff ze begréissen fir zesumme mat dir e geniale Camp ze organiséieren!

Hues du nach Froen a bass dir onsécher, guer kee Problem, mell dech einfach iwwer Camp 2026 oder direkt bei engem vun de Campchef.

Bis geschwënn,
Sophie, Tom an Nathalie
Är Campchef

  • Sekretariat:
    Du bass fit an Excel-Tabellen, schreiws gär Mailen an/oder intresséierst dech fir d’Onlineumellungen.
  • Finanzen:
    D’Zuele maachen dir keng Angscht, du stells gär Budgeten op a bass fit am Excel.
  • PR & Kreatives:
    Du designs gär de Camp-Badge an de Camp-Tshirt, du wëlls d’Campbichelchen gä mat gestalten, du schaffs gär um Camplidd mat oder hues gutt Iddie fir d’Campzeitung.
  • 1.Hëllef:
    Du hues keng Angscht viru Blutt a Brandblosen a reagéiers roueg an Noutsituatiounen.
  • Infrastruktur: 
    Du baus gär grouss Konstruktiounen, riichs gär Zelter op, hëllefs gär wann e Rouer platzt a bass allgemeng bereed do anzesprangen, wou s de gebraucht gëss. Oder du wëlls am Virraus gär scho bei de wichtegen Décisiounen zum Thema Infra hëllefen.
  • Ravi:
    Du kachs gär fir grouss Gruppen an/oder hues Spaass um Këschte paken a rausginn mam Ravi. Oder du wëlls am Virraus scho gär mat un de Rezepter an dem Kachbuch fir de Camp schaffen.
  • Sécherheet:
    Du wees ob wat ee beim Baue vu Konstruktiounen, beim Feiermaachen a beim Gas oppasse muss.
  • Programm:
    Du hues gutt Iddie fir eng flott Veillée, en spannend Nuetsspill, oder soss Programm, oder du organiséiers gär intressant Ausflich.
  • Souscamp:
    Du suerg fir gutt Stëmmung um Camp a bass gär Uspriechpartner fir d’CaraPio souwéi hir Chef.
  • Hike:
    Du trëppels gär, sichs gär no neie Challenge fir d’CaraPio a bass fit am Plange vu Weeër.
  • Créche:
    Um Camp wärt eng Crèche (an eventuell e Mini-Camp) fir Kanner d’Kanner vum Staff sinn. Du pass gär op Kanner op, organiséiers flott Aktivitéite fir si a kucks datt och si e schéine Camp hunn.
  • Spirituelles:
    Du intresséiers dech fir Spiritualitéit an hues flott Iddie fir dës an de Camp ze integréieren.
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg