Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Nationale Wëllefcherscamp 2025

Léif Chef, léif RaRo an Albatross,

Vum 20. bis den 26. Juli 2025 ass den nächste groussen nationale Wëllefcherscamp. 

Den Topstaff a vill Staff-Memberen si schonn dobäi de Camp ze plangen. Dass de Camp awer elo e vollen Erfolleg gëtt, ginn nach fläisseg Guiden a Scouten gesicht, déi am Staff virum Camp, awer haaptsächlech um Camp, hëllefe wëllen.

Wann s du motivéiert bass, da mell dech gären als Staff un. No denger Umeldung wäerte mir eis bei dir mellen.

 

Bis geschwënn,

den Topstaff vum Wëllefcherscamp

Staff Umeldung - Wëllefcherscamp
  • Sekretariat:
    Du schreiws gär Mailen an/oder intresséierst dech fir d’Onlineumellungen.
  • Finanzen:
    Du bass fitt mat Zuelen a kanns mat Excel emgoen.
  • PR:
    Du designs gär de Camp-Badge an de Camp-Tshirt, du wëlls d’Campbichelchen gären matgestalten oder hues gutt Iddie fir d’Campzeitung.
  • 1.Hëllef:
    Du hues keng Angscht viru Blutt a klengen oder méi groussen Wonnen a reagéiers roueg an Noutsituatiounen.
  • Infrastruktur: 
    Du riichs gär Zelter op, a bass allgemeng bereed do anzesprangen, wou s de gebraucht gëss. Oder du wëlls am Virraus gär scho bei de wichtegen Décisiounen zum Thema Infra hëllefen.
  • Ravi:
    Du kachs gär fir grouss Gruppen.
  • Programm:
    Du hues gutt Iddie fir eng flott Veillée, en spannend Nuetsspill, oder soss Programm, oder du organiséiers gär intressant Ausflich.
  • Souscamp:
    Du suerg fir gutt Stëmmung um Camp a bass gär Uspriechpartner fir d'Chef.
  • Créche:
    Um Camp wärt et eng Crèche fir Kanner vum Staff ginn. Du pass gär op Kanner op, organiséiers flott Aktivitéite fir si a kucks, datt och si e schéine Camp hunn. Als Staff-Member an der Créche solls du mindestens 16 Joer hunn.
  • Chef-Bar:
    Du këmmers dech gären um Camp em d'Chef-Bar an organiséiers virdrun Gedrénks a suergs dofir dass d'Chef e gemittlechen Owend an der Bar hun.

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg