Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Juli 2024

1. Renovatioun Keltenhaus

2. Spiri fir Kids - Programm 2024-2025

3. Info - de Shop

4. Opruff Platte Knuet

5. Summerzäit


 
1. Renovatioun - Keltenhaus
 

Virun 20 Joer hu mir mam Plangen a kuerz dono mam Bau vum Keltenhaus ugefaang. Bis elo hunn iwwer 30.000 Jonker a manner Jonker un Aktivitéiten deelgeholl, en Zeechen, dass eist Zil Natur de Jonken erëm méi no ze bréngen e Succès ass a war.

Elo brauch d'Keltenhaus awer an neien Daach an och aner Reparaturaarbechte musse gemaach ginn. No bal 2 Joer Planung, besonnesch wat de Finanzement betrëfft, si mir vun Enn August u prett fir dës Aarbechten unzegoen.

 
Keltenhaus 2024
Keltenhaus 2004
Keltenhaus 2004
Keltenhaus 2004
Keltenhaus 2004
Keltenhaus 2004

Hutt dir Loscht an Zäit eis ze hëllefen?

Geplangt si Schaffjournéen an der Summervakanz:

D'Woch vum 26. – 30. August 2024
D'Woch vum 2. – 6. September 2024
Schaffweekend vum 7. – 8. September 2024
D'Woch vum 9. – 13. September 2024

Wéinst der Organisatioun vun den Aarbechten/Ravi

sollt dir iech wgl. am Viraus umellen ënnert: keltenhaus@lgs.lu

Iech alleguer elo schonn a grousse Merci

Am Numm vun der Ekipp Native Village

Tom Lahr

Umeldung

News weiderliesen...

Zum Ufank


3. Spiri fir Kids - Programm 2024-2025

News weiderliesen...

Zum Ufank


3. Info Shop
 
Congé annuel 28.07. - 11.08.2024
Kontakt Shop

News weiderliesen...

Zum Ufank


4. Opruff Platte Knuet

Save the date: 06. Juli 2024 zu Bieles

Léif Cheftaine, léiwe Chef,

D’Redaktiounsekipp vum Platte Knuet wënscht dir an dengem Grupp/Trupp e ganz schéine Summercamp!

Mir hoffen, datt dir vill flott Aktivitéite wäert erliewen, schéin Erfarungen a wäertvoll Bekanntschafte wäert maachen. D’Ekipp ass ëmmer frou, wa Bäiträg vun de Gruppen an d’Zeitung kommen. Dat weist, wéi villfälteg an interessant an de lokale Gruppe geschafft gëtt.

Hutt dir Loscht eppes Flottes vum Camp ze schreiwen?

Dir kënnt ären Artikel op platteknuet@lgs.lu schécken.

Deadline ass den 02. November 2024.

Save the date: 06. Juli 2024 zu Bieles
Platte Knuet Kontakt

News weiderliesen...

Zum Ufank


photo

Eng ganz schéi Summerzäit, vill Spaass a Freed wënsche mir all eise Memberen.

Zum Ufank

Eventer & Formatiounen vu Juli bis September

Op der Startsäit vun der Chefbox fënns du alleguer d'Events an och de Link fir bei den Agenda vun de Formatiounen.

06.-07.2024 - Kéiscup - RaRo »

06.-07.2024 - Gemittlechen Owend fir Albatrossen »

10.-07.2024 - Gedenkfeier »

21.-09.2024 - Kongress zu Eschduerf »

22.-09.2024 - Chefdag zu Eschduerf »


Zum Ufank


Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken