RTF-Badge
Leif RaRo,
Et ass endlech esou weit. De laang ugekënnegten RTF-Badge (Return the favor) ass endlech ukomm.
Dëse Badge soll ärt Engagement an äre Beiträg zum Nationalen Agenda belounen, a gëtt vun der RaRo-Ekipp iwwerreecht.
Dëse Badge kann 1x pro Joer vum responsaablen Chef ugefrot ginn. Duerch de Retard vum Badge, kann dësen nach retroaktiv fir dat letzt Scoutsjoer ugefrot ginn.
Wann dier den Badge wëllt ufroen, dann schreiwt eis en E-Mail op raro_ekipp@lgs.lu.
Fügt ärer Demande d’Unzuel an d’Nimm vun den RaRo bäi an och en klengen Rapport vun äerer Aktiviteit.
Newsletter Odysee 2026
Leif Alleguer,
Heimat annoncéiere mir Iech, datt 2026 nees Odysseeë stattfanne wäerten.
Dir waart schonn eng Kéier als Participant op eng Odysee mat a wëllt Iech elo selwer als Staff engagéieren oder äeren eegenen Projet duerchféiren, dann hutt dir elo d’Méiglechkeet iwwert folgende Link (siehe unten), är Projetsiddi eranzereechen. Schéckt är Demande w.e.g. bis den 01.12.24 op raro@lgs.lu
Lued iech den Formulaire vun desem Link aus erof.
Dëst wier déi 1. Etappe vun der Odysee. Nodeems mir all d’Demandë kritt hunn a mat der Auswäertung fäerdeg sinn, invitéiere mir Iech am Dezember äre Projet ze präsentéieren.
Ennert folgendem Link fannt dier 2 Proposen vir en Odyssee Projet, deen vun der ONGD Lëtzebuerger Guiden a Scouten vir eng Welt ennerstetzt gett. Dei Projet’en gin an den Senegal an op de Cap Vert. Mei Infoen gin et ennert desem Link.
Vir dei Projet’en gett Staff gesicht, wat optimal ass vir Leit die en Projet wellen maachen, mee nach keng genau Virstellung vun engem Projetsland hun.
Ennert desem Link fannt dier d’Dokument vun der RaRo-Ekipp, wat den Opbau an den Fonctionnement vun enger Odyssee erkläert.
All d'Dokumenter dei an desem Newsletter verlinkt sin, stin am RaRo-Ekippendeel an der Chefbox.
Bei wiederen Froe kënnt dir Iech gären bei der RaRo-Ekipp mellen.
|