Diskussiounsronne fänken um 17h00 un. No den Diskussiounsronnen ass dann den Afterwork. Weider Informatiounen zum Zäitplang kann een am Kompass fannen.
- Internationales bei den LGS
Internationales ass e wichtegen Deel vun eiser Method, dee vill vun eis haaptsächlech iwwer International Campe kenne léieren. Komm an diskutéier mat der Internationaler Ekipp driwwer, wat Internationales ze bidden huet a wéi mir eise Memberen Internationales méi no brénge kënnen, fir dass all Member all Joer op d'mannst eng International Erfarung huet.
Du bass interesséiert u Formatiounen déi nach net vun eis ugebuede ginn? Wéi eng Theme feelen dir a wéi stells du der dëss Formatioune fir? All Iddi ass Wëllkomm fir eis Diskussiounsronn!
- Zesummenaarbecht tëschent Gruppen an enger Regioun.
De Chefmanktem a Manque u Kanner an de verschiddenen Branchë féiert zu Problemer bei ëmmer mei Gruppen. Net nëmmen d’Qualitéit vun dem ugebuedenen Programm mee och de Spaass an d’Motivatioun bleiwe bei de Kanner a Chef ob der Streck.
Weie Potential hu regional Gruppen di Versammlungen, Sortien a Weër zesummen organiséieren. Ass d’Zesummenaarbecht an enger Regioun d’Léisung vir Gruppe bei dem Problem vu Chef- a Kannermanktem ze hëllefen.
Wéi kéint esou eng Zesummenaarbecht ausgesinn? Sollen dës Aktivitéiten zesummen ausgeschafft ginn, oder eng Grupp de Programm vir anerer Ubidden vir esou an enger Tournante ze schaffen? Oder ass de Projet vun de Regionale Gruppen an de verschiddenen Branchen nëmmen e kléngen Deel vun der Léisung? Wat gëtt gebraucht vir regional Gruppen ze ënnerstëtzen? |