Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - "Komm mir grënnen eng ASBL"

Léif Cheftainen a Chef,

de Verband schafft aktuell un engem Projet fir säi Statut vun enger "Association de fait" op eng "ASBL" ze wiesselen. 

De Statut vun enger "Association de fait" geet haut net méi duer fir deene verschiddene legalen Ufuerderunge gerecht ze ginn déi mir als LGS erfëlle mussen. 

Säit engem knappe Joer schafft den Aarbechtsgrupp "ASBL" dofir un den ASBL Statuten. Um Kongress presentéieren si den aktuelle Stand vun hirer Aarbecht. 

Mat dëser Newsletter kritt dir dofir elo am Viraus folgend Versioune geschéckt. Heibäi handelt et sech all Kéiers ëm en Draft.

  1. Projet d'acte: Dat sinn d'Statute vun der ASBL. Dëst Dokument definéiert de rechtleche Kader ouni ze vill op de Guiden- a Scoutsfonctionnement anzegoen.
  2. Règlement d'ordre interne (ROI): Am ROI ass d'Guiden- a Scoutsfonctionnement definéiert. Den ROI ass eng exakt Kopie vun de Statute vun der "Association de fait". Dësen ROI soll nom Grënne vun der ASBL mat der Basis diskutéiert an zesumme moderniséiert ginn.
  3. Document de liaison:  Well béid Dokumenter am aktuelle Status ënner Ëmstänn kontradiktoresch oder onkloer kënne sinn, huet den Aarbechtsgrupp dëst Dokument opgesat fir ënner anerem d'Hierarchie tëscht de verschiddenen Dokumenter kloer ze formuléieren. 

Mat der Presentatioun um Kongress ass et awer net gedoen. Jidderee soll d'Méiglechkeet hu seng Gedanken a méiglech Ännerungsproposen fir dat éischt Dokument vun de Statuten mat anzebréngen. Folgend Timeline gouf dofir definéiert:

  • 21.09.2024: Presentatioun vum Draft vun de Statuten um Kongress
  • 22.09.2024: Stand um Chefdag fir Froen an Ureegungen zu de Statuten ze maachen.
  • Oktober bis November 2024: Online Plattform fir seng Proposen an Ännerungsvirschléi zu de Statuten eranzereechen.
  • ⁠14.⁠ Oktober (19h00) an 10. November ( 17h00): Diskussiounsronnen zu de Statuten. (Weider Informatioune kommen no)
  • Jour-J - ⁠07.12.2024: extraordinäre Kongress zu Hesper fir d'Stëmmen an ënnerschreiwe vun de Stauten. "Grënnung" vun der ASBL 

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
LGS AG - ASBL

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg