Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Verbandssekretariat - Rentrée 2023/2024

Informatioune fir Gruppechef/tainen

1. Accès Memberfichier / Accord Gruppechef

2. Nei Memberen umellen

3. Cheflogin

4. Kotisatioun 2025

5. Assurance/Casco

6. Platte Knuet - Redaktioun

Léif Gruppecheftaine, léiwe Gruppechef,

Mir begréissen dech am nei Guiden- a Scoutsjoer. Mir wënschen ärem Grupp ganz vill flott Erliefnesser a mir hoffen, datt dir d'Joer gutt ugefaangen hutt.

Et sti vill Ännerunge fir dëst Joer un. Dofir eise Rot, verfolleg d'News. Et gi verschidden Eventer ugebueden, wou s du dech ausféierlech iwwer den Iwwergank zur ASBL informéiere kanns. Wann s du Froen hues, mell dech op admin@lgs.lu.

Hei fënns du puer Informatiounen, déi fir den Ufank vum Joer wichteg sinn. Fir weider Froen oder Informatioune kanns du dech gär bei eis mellen: sekretariat@lgs.lu


1. Accès Memberfichier /Accord Gruppechef

 

D'Lëscht vun de Benotzer vum Memberfichier soll all Joer aktualiséiert ginn. Fëllt wgl. de Formulaire "Memberfichier - Ufro fir en Accès" aus. Wa keng Ännerunge sinn, mussen d'Benotzer, déi schonn en Accès hunn, de Formulaire net ënnerschreiwen. Wa Wiessel ass, soll d'Persoun, déi en neien Accès kritt, de Formulaire wgl. ënnerschreiwen.

Schéckt de Formulaire wgl. un d'Verbandssekretariat.

Vergiesst net d'Funktiounen am Memberfichier richteg anzedroen!

Formulaire Accès Memberfichier
Formulaire GC Accord

2. Nei Memberen umellen

 

Wéi all Joer kommen zum Ufank vum Guiden a Scoutsjoer vill nei Memberen dobäi. Hei muss opgepasst ginn (wéinst der Assurance), datt all Kand a Chef/taine, Mataarbechter, dee un engem Weekend oder anerer Aktivitéit deelhëlt, am Memberfichier agedroe gëtt.

Fir datt et esou gutt wéi méiglech klappt, hu Branchechef/tainen d'Méiglechkeet een Accès op de Memberfichier ze kréien. Si kënnen dann iwwerpréifen, ob all Participant am Memberfichier schonn dran sinn.

Fir en Accès unzefroen, fëllt de Formulaire "Memberfichier - Ufro fir en Accès" aus.


Formulaire Accès Memberfichier

3. Cheflogin

 

Fir all Member, deen am Memberfichier mat enger Cheffunktioun ugemellt gëtt, gëtt direkt ee Cheflogin gemaach.

Fir datt de Cheflogin funktionéiert, muss bei der Persoun eng aktuell E-mail Adress agedroe ginn. De Chef/taine muss säi Login selwer aktivéieren, andeems hien/hatt de Passwuert vum Login zrécksetzt.

Et ass wichteg, datt bei all Stagiär-Chef/taine am Memberfichier d'Cheffunktioun agedroe gëtt, soss kënnen si sech net fir d'Formatioun umellen a kréie keng Newsletter.

Et ass net méi méiglech, datt de Gruppechef/taine en anere Chef/taine fir d'Formatioun umellt bzw. Formulairë fir si ausfëllt.

Dofir kontrolléiert wgl., ob bei all Chef/taine d'Cheffunktioun agedroe ginn ass an eng aktuell E-mail Adress dobäisteet.

Op dëser Säit fannt dir méi Informatiounen zum Cheflogin:

Info Cheflogin

4. Kotisatioun 2025

 

De Betrag vun der Kotisatioun fir d'Joer 2024 si 17€ bzw. 14€. D'Kotisatioun gëtt ëmmer fir d'Finanzjoer bezuelt, dat heescht vu Januar bis enn Dezember.

Wann an enger Famill méi Kanner am Grupp ugemellt sinn, bezilt dat eelst Kand 17€ an all déi aner 14€, esou laang si keen eegent Akommes hunn. Wann d'Elteren och Member sinn, bezuelen si 17€.

0€ kann bei Persounen agedroe ginn, déi an engem anere Grupp schonn ugemellt sinn an do d'Kotisatioun do bezuelen. 

Wa Persounen mat der Status vu Demandeur de protection internationale am Grupp ugemellt ginn, iwwerhëllt d'Fondatioun fir si d'Kotisatioun. An dem Fall kann och 0€ bei der Kotisatioun stoen. De Grupp soll eng Lëscht vun de betreffende Persounen un d'Verbandssekretariat schécken.

D'Kotisatioune sollen bis Dezember am Memberfichier à jour gesat ginn. D'Rechnung gëtt Enn Januar, ufanks Februar verschéckt.

Opgepasst! De Verband (ASBL) kritt ab Januar nei Konten. Dofir ass et wichteg, datt dir ofwaart, dis d'Rechnung fir d'Kotisatioun un iech geschéckt gëtt.

Instruktioun Memberfichier

5. Assurance/Casco

 

De Verband huet 3 verschidden Assurancen.

D'Haftflicht RC bezilt all Member mat der Kotisatioun.

Vun der staatlecher Onfallversécherung (AAA - Association des Assurances Accident) sinn all Memberen, souwäit se an d’Schoul ginn oder als Chef/taine ugemellt sinn, verséchert.

Fir all aner Member (Mataarbechter, Albatrossen, Léierbouewen- a Meedercher) gouf eng privat Onfallversécherung bei „La Luxembourgeoise“ ënnerschriwwen. CaraPio, RaRo, déi eng Léier maachen, musse fir d'AA am Memberfichier ugemellt ginn. Albatrossen, déi net als Chef/taine ugemellt sinn a Mataarbechter kënne vun der AA profitéieren. Dat soll och am Memberfichier agedroe ginn ënner "Lëschten". Dës Versécherung ass optional.

D'Ofrechnung fir déi Zousazversicherung gëtt bei der Rechnung fir d'Kotisatioune gemaach.

De Präis vun der Casco ass 10€. Déi ass nominel, datt heescht, datt all Persoun, déi vun der CASCO wëll profitéieren, déi 10€ bis den 1. Dezember 2024 un d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten soll iwwerwiesen. (BILLLULL LU96 0029 0100 0002 3100). Wann de Grupp fir Chef/tainen d'Casco bezilt, soll eng Lëscht vun de Persounen un d'Verbandssekretariat geschéckt ginn.

OPGEPASST! Dëse Kont exitéiert nom 31. Dezember 2024 net méi. Ab Januar kritt de Verband (ASBL) nei Konten. Dofir ass et wichteg, datt d'Casco dëst Joer bezuelt gëtt.

Deklaratioun vu Schued

6. Platte Knuet - Redaktioun

 

D'Konzept vum Platte Knuet ass d'lescht Joer geännert ginn. D'Zeitung soll de Programm vum Verband ënnerstëtzen, deementspriechend ginn an all Nummer verschidden Theemae behandelt.

D'Ekipp vun der Redaktioun setzt sech dofir an, datt d'lokal Gruppe méi agebonne ginn an hir Iddien an Erfarungen mat anere Gruppen deele kënnen. 

Mir ginn iech hei d'Theemaen a d'Deadliner vum Platte Knuet  mat, fir datt dir iech am Grupp kënnt Gedanke maachen, ob dir eppes fir d'Zeitung kéint/wëllt preparéieren. 

  1. Platte Knuet 1: Deadline 26. Oktober 2024, Theema: Branchen a Branchenunitéiten
  2. Platte Knuet 2: Deadline 15. Februar 2025, Theema: Branchen a Branchenunitéiten
  3. Platte Knuet 3: Deadline 24. Mee 2025, Theema: Branchen a Branchenunitéiten um Camp

D'Redaktiounsekipp wär frou, wann dir matmaache géift, fir datt esou eng flott Zeitung kann entstoen.

Hutt dir eng flott Iddi, wollt dir iwwer är Erfarungen um Camp, WE schreiwen oder hutt dir Froen? Mellt iech bei eis! 

Kontakt Redaktioun

Hutt dir nach Froen, dir braucht weider Informatiounen,

da mellt iech bei eis op

sekretariat@lgs.lu


Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken