Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS ASBL - Feedback ASBL Statuten Draft

Léif Guiden a Scouten,

um Kongress 2024 huet den Aarbechtsgrupp “ASBL” hire Projet virgestallt.

Ëm wat geet et?

De Verband ass haut eng “Association de fait” an huet domat kee richtege juristesche Kader. Et kann ee soen: “Eis gëtt et legal gesinn net wierklech”. Dat bréngt direkt e puer Problemer mat sech. Esou hu mir z.B. als Verband, an do geet et ville Lokale Gruppen net anescht, ëmmer méi Schwieregkeete fir de Bestëmmunge vun de Banke gerecht ze ginn. Do dernieft ass e weidere Problem, datt mir am Verband juristisch direkt perséinlech Haftbar sinn. Mir hu keng Entitéit schützend iwwert eise stoen. 

🔗 Alleguer d'Informatiounen aus dëser Newsletter esou wéi déi verschidden Dokumenter fënns du an der Chefbox an der Rubrik News.

Online Konsultatioun

Bis de 15. November huet jiddereen d'Méiglechkeet online Proposen oder Ännerungsvirschlei zu eenzelnen Paragraphen oder allgemeng zu de ganze Stauten anzereechen. Online kënnen och d'Äntwerten ob déi agereechte Kommentarer gekuckt ginn. 

Diskussiounsronnen zu de Stauten

Mir bidden iech zu zwee verschidden Datumer d'Méiglechkeet u mat eis zesummen iwwert de Modell vun den neie Stauten ze diskutéieren.

  • 14. Oktober um 19h00 am Forum Geesseknäppchen (Sall 8)
  • 10. November um 17h00 am Forum Geesseknäppchen (Sall 8)

Fir anzeschätze wei vill Leit un den Diskussiounsronnen deelhuele, biede mir iech, dech am Viraus unzemellen. Schéck eis dofir wgl. einfach eng E-Mail un admin@lgs.lu.

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss

Den Aarbechtsgrupp ASBL

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg