Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Oktober 2024

1. Klammstage Nidderseelgaart

2. 3. Nohaltegkeetsdag

3. Formatioun - Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen

4. Opruff - Festival des Cabanes

5. Reservatioun Tour Malakoff

6. Formatioun - KONFLIKTER - wat maachen?

7. Agenda


 
1. Klammstage Niddregseelgaart
 

Du hues Loscht op eng cool an dynamesch Formatioun fir en Niddregseelgaart mat der neier Klamm-Ekipp. Dann invitéiere mir dech op Neihaischen op e flotten Dag zesumme mat eis  ze verbréngen.

Mell dech séier un, d'Platzen si limitéiert!

Klammmaterial kann een iwwer de Service des prêts fir Aktivitéiten ufroen.

 
Umeldung Klammstage
Klammmaterial léinen

News weiderliesen...

Zum Ufank


2. 3. Nohaltegkeetsdag

The Conscious City Walk – Esch-sur-Alzette

!Komm mat! an huel Deel um 3. Nohaltegkeetsdag vun den LGS

de 16. November 2024

Vun der Grenz mat sengen Tank, Tubak a Spirituosen-Tourismus bis an déi verstoppten Ecker vum Stadkär, invitéiert dës alternativ Visite guidée duerch d’Stad Esch-Uelzecht Iech lokal, inspiréierend, gesond an nohalteg Initiativen ze entdecken.

Wou /  Where: Esch-sur-Aluette – Bushaltestell / Bus Stop “Converv. de Musique” (Google maps)

Wéini /  When: 16.11.2024

Timing: 14:00 – 17:00

Alter / age: 17 +

Präis / Price: 7 €

Umeldung Nohaltegkeetsdag

News weiderliesen...

Zum Ufank


3. Formatioun - Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen
 

01.Februar 2025 09:00 – 17:00 an der Géisserei 

Zesumme mam Centre national de prévention des Addictions (cnapa) proposéiere mir iech eng Formatioun zum Theema: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen.

Theemen:

  1. “Basisformatioun zur Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen”
  2. “Gespéichsféierung mat Jonken” (Übungen a Methoden)

Inhalt:

  1. Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren? Am éischten Deel beschäftege mir eis mat der Richtlinn (Kooperatioun tëscht CNAPA a SIL) zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanze méi am Detail erklärt.
  2. An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Theema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Theema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z’erzilen.
Wann dir d‘Formatiounen ofgeschloss hutt, kënnt dir Sensibiliséierungsmaterial bei eis ausléinen, fir d’Theema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.
Umeldung
Kontakt

News weiderliesen...

Zum Ufank


4. Opruff - Festival des Cabanes

 

Le Service national de la jeunesse (SNJ) en coopération avec l’Ordre des architectes et ingénieurs-conseils (OAI) organise dans le cadre de la LUGA 2025 le Festival des Cabanes.

Ce festival se tiendra en juillet 2025 et a pour objectif de sensibiliser les jeunes à la construction durable, de promouvoir les métiers artisanaux et de faire découvrir les professions d’architecte et ingénieur-conseil. Les participants sont encouragés à concevoir et à construire des cabanes en utilisant des matériaux naturels et recyclés, favorisant ainsi la créativité et le travail d'équipe.

Cet événement est une excellente opportunité pour les jeunes (12-26 ans inclus) de développer de nouvelles compétences et d’apprendre à respecter notre environnement tout en s'amusant.

Nous vous saurions gré de diffuser l’affiche en pièce jointe auprès des responsables des groupes locaux (en vue de leur "Programmreunioun 2024/25"), et d'envisager une participation collective à ce concours. Pour plus de détails concernant l'inscription et les modalités de participation veuillez concerter l’agenda sur l’affiche ou nous écrire un courriel au cabanes@youth.lu .

     

Kontakt
Informatiounen

News weiderliesen...


5. Reservatioun Tour Malakoff

 

Den Tour Malakoff ass Mëtt 19. Joerhonnert gebaut ginn. Ee war en Deel vun der Festung an der “Unterstadt Clausen”.

Den Tuerm stoung vun Ufank vun den 30er Joren u fir d’Scoute vun der FNEL an Lëtzebuerger Scouten zur Verfügung. 2015 huet de leschte Grupp d’Gebai verlooss. Dunn huet de SIL (Scouting in Luxembourg) eng Demande bei der Administration des bâtiments publics fir d’Renovatioun vum Tuerm gemaach. 2023 waren d’Aarbechten ofgeschloss an de Tour Malakoff steet rëm de Guiden a Scouten zur Verfügung.

  • Den Tour kann nëmme vu Guiden a Scoutsgruppe vun deenen zwee Verbänn FNEL an LGS gelount ginn.
  • Ee bitt Plaz fir 12 Persounen.
  • Wéinst verschiddene baulechen Eegenheeten kann den Tuerm just vu Persounen iwwer 14 Joer benotzt ginn.

Weider Informatiounen a d’Reservatioun fannt dir hei: sil.lu/tour-malakoff oder chalets.lgs.lu/tour-malakoff

Kontakt: tour-malakoff@sil.lu  

      

Reservatioun

News weiderliesen...

Zum Ufank


6. Formatioun - KONFLIKTER - wat maachen?

 

D'Kandidate kréie vermëttelt, wat Konflikter sinn a wéi si entstinn.
Zudeem léieren si, wéi d'Eskalatioun vum Konflikt ka verhënnert ginn a wat si selwer zur Léisung vum Konflikt bäidroe kënnen.

      

Umeldung

News weiderliesen...

Zum Ufank


Eventer & Formatiounen vun Oktober bis November

Op der Startsäit vun der Chefbox fënns du alleguer d'Events an och de Link fir bei den Agenda vun de Formatiounen.

04.-06.10.2024 - B.A. Journée fir d'Keltenhaus »

06.10.2024 - Scouts4Refugees Aktivitéitsdag »

12.10.2024 - Benefiziessen Kaltenhaus »

14.10.2024 - AG ASBL - Diskussiounsronn: Komm mir grënnen eng ASBL »

19.10.2024RaRo - Weekend de Lancement » 

26.-28.11.2024 - Biber- a Wëllefchers STIP 2024-2025 Deel 1 »

26.11.2024 - Methodendag Biber 2024 »

02.11.2024 - Klammstage Niddregseelgaart »

10.11.2024 - Scouts4Refugees Aktivitéitsdag »

10.11.2024 - AG ASBL - Diskussiounsronn: Komm mir grënnen eng ASBL »

16.11.2024 - 3. Nohaltegkeetsdag »


Zum Ufank


Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken