Friendly Reminder
Den nächste Méinden, de 14. Oktober um 19h am Forum Geesseknäppchen (Sall 8) ass den éischten Informationsowend fir zesummen iwwert de Modell vun den neie Statuten ze diskutéieren. Mir bieden dech, falls nach net gemaach, dech am Viraus op admin@lgs.lu unzemellen. Merci
Léif Guiden a Scouten,
um Kongress 2024 huet den Aarbechtsgrupp “ASBL” hire Projet virgestallt.
Ëm wat geet et?
De Verband ass haut eng “Association de fait” an huet domat kee richtege juristesche Kader. Et kann ee soen: “Eis gëtt et legal gesinn net wierklech”. Dat bréngt direkt e puer Problemer mat sech. Esou hu mir z.B. als Verband, an do geet et ville Lokale Gruppen net anescht, ëmmer méi Schwieregkeete fir de Bestëmmunge vun de Banke gerecht ze ginn. Do dernieft ass e weidere Problem, datt mir am Verband juristisch direkt perséinlech Haftbar sinn. Mir hu keng Entitéit schützend iwwert eise stoen.
🔗 Alleguer d'Informatiounen aus dëser Newsletter esou wéi déi verschidden Dokumenter fënns du an der Chefbox an der Rubrik News. |