Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Mäerz 2021
1. COVID-19 Mesuren
2. LGS Shop
3. STAP 2021
4. EAS - Montée vers Pâques
5. Nuetsfunkraid 
6. RAPPEL: Actionbound World Thinking Day
1. UPDATE COVID-19 
 

Léif Cheftainen a Chef,

 

Grad elo ass et eis wichteg, dass esou vill wéi méiglech Aktivitéite vun eise Gruppe kënne stattfannen, natierlech ënnert Anhaale vun den aktuelle sanitäre Restriktiounen.

Vill vun Iech fänken elo un fir de Summercamp ze plangen a froen sech ënnert wéi enge Restriktiounen ee Camp kann organiséiert ginn.

 Leider kënne mir elo nach keng Äntwert op dës Froe ginn. Mir kënnen de Moment just soen, dass mir als LGS alles dru setzen, dass dir am Summer op äre Camp kënnt goen.

Fir Campen zu Lëtzebuerg si mir och zouversiichtlech, dass d'Campen a klenge Kontaktgruppen, ähnlech wéi leschte Summer, kënne stattfannen.

 Fir Auslandscampen komme méi Faktoren, wéi Quarantainbestëmmungen a verflichtend PCR-Tester dobäi, déi mir net beaflosse kënnen.  Wann dir ee Camp am Ausland plangt, rode mir, Kontakt mat eiser Internationaler Ekipp opzehuelen, eventuell kënnen si de Kontakt mat de lokale Guiden a Scouten hierstellen. Des weidere rode mir iech och ee Plang B ze hunn, fir eise Memberen awer ee Camp kënnen z'erméiglechen

 

Fir de Verbandscomité 

Marc Weis an Angélique Krier

2. De Shop

Waars du rezent schon am LGS Shop (Lessure Workwear) op der Gare? Si hunn zanter kuerzem e puer flott nei LGS Produiten a Gadgeten.

LGS Kaartespill (2,50 €)

D'PR-Ekipp huet zesumme mat de Verbandsekippen un engem flotten LGS Kaartespill geschafft. Op 55 Kaarte gëss du esou allerlee iwwert d'Guiden a Scouten gewuer. D'Kaartespill kriss du mat 3 verschiddene Motiver op der Këscht. D'Kaarte selwer sinn all Kéiers déi nämmlecht.

Op dëser Plaz wëlle mir och nach eng Kéier dem Emma Bervard an dem Lucy Konsbruck Merci soen déi um Design vu verschiddene Kaarte matgeschafft hunn.

 

LGS Multifunktiounsschal (4,00 €)

Nom grousse Succès bei de Gruppen, ass den LGS Multifunktiounsschal elo och am Shop ze kréien.

 

LGS Masken aus Stoff (6,90 €)

Wann s du deng Mask och emol wëlls ersetzen kriss du am Shop elo Masken vun Hakro am LGS Design (Stoffemask mat dem Verbandsofzeechen).

 

Bei gréissere Commanden oder soss Froe, kanns du dech direkt bei der Maison Lessure mellen.

Adresse:

Maison Lessure
1, Rue Jean Origer
L-2269 Luxembourg

Tel.: 48 86 18
@: Lessure Workwear

www.lessure.lu

3. STAP 2021
 
De STAP ("STage d'Approfondissement Pédagogique") ass den "theoreteschen" Deel vum 2. Zyklus vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef, Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien.

Dëse Formatiounscamp ass fir all d'Branchen zesummen an dauert 8 Deeg / 7 Nuechten.
 
De STAP 2021 dauert vum 28. August 2021 bis de 4. September 2021 a fënnt um Neihaische statt. 
 
Umelle kanns du dech hei: 
Umeldung STAP
4. EAS - Montée vers Pâques
 
Komm mat, a maach dech mat der EAS op de Wee, vu Pällemsonndeg bis Ouschterméindeg, starten mir wärend der Karwoch mat engem Impuls an den Dag.
Wann's du gär iwwert d'Aktivitéite vun der EAS informéiert bléifs da kanns du dech op ons Newsletter abonéieren.
 
Du kanns dech hei fir déi zwou Mailinglëschten aschreiwen: 
Flyer Montée vers Pâques
Spiri Newsletter abonéieren
5. Nuetsfunkraid LGS - SNJ
 
Wat ass dat ?
  • Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
  • Crashcours a Funk-Kommunikatioun
  • Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
  • Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
  • En Erliefnis wat hänke bleift

Wou: Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck

Wéini: vum  05. op de 06. Juni 2021

Timing: Ufank zu Ierpeldeng    : Samschdes, de 05. Juni 15.00 Auer

Schluss zu Ierpeldeng : Sonndes, de 06. Juni géint12.00 Auer

Fir ween: all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un

 
Weider Informatiounen an Umeldung: 
Flyer Nuetsfunkraid
6. RAPPEL: Actionbound World Thinking Day 
 

Du wëlls een flotten Badge vun WAGGGS verdéngen?

Feier mat eis den World Thinking Day 2021

D’International Ekipp huet een Actionbound am Kader vum World Thinking Dag gemaach, bei dem jiddereen ganz einfach vun Doheem aus matmaachen kann!
Fir bei dësem Bound matzemaachen muss du just d’App ‘Actionbound’ (Google Play, Apple Store)op däin Smartphone eroflueden, den QR scannen an schonn kann et lass goen.

An dësem Bound fënns du een kléngen Quiz iwwert den World Thinking Day an WAGGGS am Allgemengen. Duerno geet et weider mat 3 Aufgaben, wanns du dës 3 Aufgaben erfëlls an d’Äntwerten an den Actionbound erop luets dann kriss du den Badge fir den WTD 2021. Bei deenen 3 Aufgaben gëtt et keen richteg oder falsch mee se sollen dozou ureegen fir iwwert Thema ‘Fridden’ nozedenken an wéi mir eis als Guiden a Scouten kënnen zesummen fir den Fridden asetzen.

Maach nach bis de 15. Mäerz 2021 mat!
 
Weider Informatioune fënns du hei: 
World Thinking Day 2021 – Actionbound
Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken