'; Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Wëllefcher - Mystaria 25
Léif Wëllefcherscheffen,
 
mir wëllen Iech Bescheed soen, dass d'Umellunge fir de Mystaria-Camp eréischt Enn November opginn. Dëst aus dem einfache Grond, dass mir Umelldungen eréischt opmaachen, wa mir iech den definitiven Prais kënnen matdeelen.
 
Dofir, soubal de Präis feststeet, kritt dir en neien Newsletter an da geet et lass:-)
 
Mir wieren awer ganz frou wann Dir den Eltere vun äre Wëllefcher den Datum (20.-26. Juli 2025 scho géift kommunizéieren, well dat ass fir d'Elteren jo emmer ganz wichteg:-)
Mir profitéieren och fir Iech 2 aner wichteg Datumer ze soen, dës Datumer sinn awer just fir d'Cheffen, net fir d'Elteren:
  • 2. Mäerz 2025: Prepadag fir de Camp an der Géisserei: Do soll vun all Chefekipp op d'mannst een dosinn
  • 11. Juli bis 13. Juli 2025: Opriichten vun de Schlozelter um Mystaria zu Stroossen
 
Léif Gréiss,
är Wëllefchersekipp
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken