Friendly Reminder
Den nächste Sonndeg, den 10. November um 17h ass den zweeten Informationsowend fir zesummen iwwert de Modell vun den neie Statuten ze diskutéieren. Mir bieden dech, falls nach net gemaach, dech am Viraus op admin@lgs.lu unzemellen. Merci
Opgepasst! D'Versammlung ass NET am Forum mee beim CGJL (87, route de Thionville L-2611 Luxembourg)
Léif Guiden a Scouten,
um Kongress 2024 huet den Aarbechtsgrupp “ASBL” hire Projet virgestallt.
Ëm wat geet et?
De Verband ass haut eng “Association de fait” an huet domat kee richtege juristesche Kader. Et kann ee soen: “Eis gëtt et legal gesinn net wierklech”. Dat bréngt direkt e puer Problemer mat sech. Esou hu mir z.B. als Verband, an do geet et ville Lokale Gruppen net anescht, ëmmer méi Schwieregkeete fir de Bestëmmunge vun de Banke gerecht ze ginn. Do dernieft ass e weidere Problem, datt mir am Verband juristisch direkt perséinlech Haftbar sinn. Mir hu keng Entitéit schützend iwwert eise stoen.
D'Statuten an d'Document de liaison, sinn elo och ob däitsch an englesch disponibel.
🔗 Alleguer d'Informatiounen aus dëser Newsletter esou wéi déi verschidden Dokumenter fënns du an der Chefbox an der Rubrik News. |