'; Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Komm mir grënnen eng ASBL

Léif Cheftainen a Chef,

Fir datt de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gutt fir d’Zukunft opgestallt ass, brauche mir e feste legale Kader. De Statut vun enger Association Sans But Lucratif (ASBL) bitt eis genau dëse Kader. 

Um Kongress vum 21. September zu Eschduerf huet den Aarbechtsgrupp ASBL dofir de Projet “Komm mir grënnen eng ASBL” an déi dozou passend ASBL Statute presentéiert.  

D’Konsultatiounsphase déi duerno um Chefdag lancéiert ginn ass, ass elo ofgeschloss a mir soe jidderengem Merci fir déi konstruktiv Diskussiounen. 

De Comité schafft a senger Reunioun vum 21. November elo eng definitiv Propose vun den ASBL Statuten aus déi an der Woch vum 25. November mat alle weideren Detailer verschéckt gëtt.  

Wéi geet et duerno weider?

Wéi am September ugekënnegt, ass de 7. Dezember 2024 zu Hesper am Centre Joseph Altmann (9, Rue de Bettembourg L-5810 Hesperange) en ausseruerdentleche Kongress fir aus dem Verband eng ASBL ze maachen. Wéi dat am Detail ofleeft, kritt dir zesumme mat den Dokumenter de Weekend vum 23. November geschéckt. 

Well dëse Vote extrem wichteg fir d'Zukunft vum Verband ass, si mir gewollt, dass de Vote mat enger 3/4 Majoritéit vun de Leit sur Place geholl gëtt. Doduerch sinn Procuratiounen net méiglech.

 

Den Ordre du jour ass folgenden:

Ab 17h

  • Afterwork (Iessen an Gedrénks organiséiert vum Houwalder Grupp)

Um 19h

  1. Begréissung duerch d’Team

  2. Bestëmme vum Kongresspräsident & de Stëmmzielerten

  3. Opmaache vum Kongress & Consignen

  4. “Komm mir grënnen eng ASBL”

    1. Presentatioun a Vote

  5. Ried vum Eieregaascht

Fir um Kongress deelzehuele muss een sech iwwert d’Chefbox umellen

Mir freeën eis iech de 7. Dezember 2024 zu Hesper begréissen ze kënnen. 

Umeldung Kongress

Hei eng Kaart wou dir de Centre Joseph Altmann fannt.

';
Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken