Léif Cheftainen a Chef,
Fir datt de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gutt fir d’Zukunft opgestallt ass, brauche mir e feste legale Kader. De Statut vun enger Association Sans But Lucratif (ASBL) bitt eis genau dëse Kader.
Wéi am leschten Newsletter ugekënnegt, huet de Comité a senger Reunioun vum 21. November elo eng definitiv Propose vun den ASBL Statuten ausgeschafft, op Basis vum Feedback dee mir an der Konsultatiounsphase vun der Basis kruten. Déi final Dokumenter sinn hei drënner verlinkt:
- Statute vun der ASBL (FR)*
- Règlement d'Ordre Interne (ROI) (zesummegesat aus den aktuelle Statute vun der Association de fait (LU) an engem Document de Liaison (FR)**
- Resolutioun fir eng ASBL ze grënnen.
*(DE - Übersetzung) (EN - Translation) **(DE - Übersetzung) (EN - Translation)
Wéi geet et elo weider?
Wéi am September ugekënnegt, ass de 7. Dezember 2024 zu Hesper am Centre Joseph Altmann (9, Rue de Bettembourg L-5810 Hesperange) en ausseruerdentleche Kongress fir aus dem Verband eng ASBL ze maachen.
Well dëse Vote extrem wichteg fir d'Zukunft vum Verband ass, si mir gewollt, dass de Vote mat enger 3/4 Majoritéit vun de Leit sur Place geholl gëtt. Doduerch sinn Procuratiounen net méiglech.
Den Ordre du jour ass folgenden:
Ab 17h
Um 19h
-
Begréissung duerch d’Team
-
Bestëmme vum Kongresspräsident & de Stëmmzielerten
-
Opmaache vum Kongress & Consignen
-
“Komm mir grënnen eng ASBL”
-
Presentatioun a Vote
-
Ried vum Eieregaascht
Fir um Kongress deelzehuele muss een sech iwwert d’Chefbox umellen
Mir freeën eis iech de 7. Dezember 2024 zu Hesper begréissen ze kënnen. |