1. MeetUP
Du hues Loscht, nei Iddie fir däi Scoutsalldag ze kréien an dech mat anere Cheffen auszetauschen? Do bass du beim MeetUp genau richteg.
Mir invitéieren dech op gemeinsam Owender an der Woch oder Moienter, weekends wou's du Impulser zu Themen, wéi Social Media, Aktivitéiten dobaussen, oder fir Kanner & Jonker ze stäerke kriss. Dobäi soll d'Renconter mat anere Cheffen net ze kuerz kommen.
Niewelaanscht kanns du och déi verschidde Plaze vun den LGS besser kenneléieren, wéi z.B. de Chalet vun de Beggener Scouten, d'Géisserei, d'Neihaischen oder och eist Jugendhaus zu Bissen.
Mir freeën eis op dech!
Martine an Tun fir d’Formatiounsekipp |