Léif Biberchef- a Cheftainen,
Wéi um Chefdag ugekënnegt wëlle mir iech vun dësem Scoutsjoer un e Pätter oder eng Giedel aus der Biberekipp un d’Säit stellen. D’Lëscht mat de Kontaktdate fann dir hei drënner.
Dëse Prinzip soll iech erméiglechen en direkt Uspriechpartner aus der Ekipp ze hunn, deen dir bei Froen oder Suerge kontaktéiere kënnt. Et soll eng Ënnerstëtzung sinn an eppes vun deem dir gären kënnt, awer net musst profitéieren.
D’Biberekipp ass de 16 Dezember vun 19:00 -21:00 um Chrëschtmaart op der Kinnekswiss. Jiddereen dee wëll ass wëllkomm sech unzeschléissen an e puer flotter Stonnen an enger gemittlecher Atmosphär ze verbréngen.
Mellt iech w.e.g. iwwert de Formulär un.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss
Är Biberekipp |