Léif Cheftainen a Chef,
Mir freeën eis, iech an är Gruppen häerzlech op den Thinking Day 2025 z’invtéieren! Dës national Aktivitéit wäert de Samschdeg, 8. Februar 2025 stattfannen a versprécht en Dag voller Spaass, Abenteuer a Nohaltegkeet.
Fir wien? Biber, Wëllef & AvEx
Wou? Beetebuerger Schlasspark, 2 Minutten zefouss vun der Beetebuerger Gare
Wéini? 8. Februar 2025 - ab 09:30 Ukomme mat Kaffi a Croissant, Start um 10:00, fäerdeg um 15:30
Präis: 15 Euro pro Participant
Wat? : Mir hunn e variéierte Programm zesummegestallt, mat engem Geländespill, kreativen Atelieren a méi reflektiven Aktivitéiten. D’Kanner léieren op spilleresch Aart a Weis, wéi ee mat natierleche Ressourcen ëmgoe kann an zesummen nohalteg Dierfer opbaut.
Umeldung: Mellt är Gruppen w.e.g. bis spéitstens de 20. Januar 2025 un. D’Umeldung fir de ganze Grupp zesummen (Biber, Wëllef, AvEx a Chef).
Wat sollt dir mathuelen: Detailer kommen am Januar an enger separater Email.
Nach Froen: programm@lgs.lu
Lénks Patt,
D'Events-Ekipp