LGS Newsletter - Mee 2021 | |
1. Scoutismus: Grad elo!
Dëst ass d'Thema vun enger Campagne, déi vum SIL (Scouting in Luxembourg), an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse, fir d'Promotioun vum Guiden- a Scoutsmouvement zu Lëtzebuerg produzéiert gouf. Déi zwee lëtzebuerger Guiden- a Scoutsverbänn, FNEL an LGS, probéieren heimat sou vill wéi méiglech Cheftainen a Chef, awer natierlech och déi Jonk, z'erreechen.
An der aktueller Pandemieszäit musse grad déi Jonk op villes verzichten. Si wëlle selbstänneg ginn, neits erliewen, ausprobéieren, eegen Interessen entdecken an nei Frendeskreeser opbauen. All dëst ass am Moment awer net méiglech.
De Scoutismus kann de Jonke grad an dësen Zäiten dat bidden, wat si soss net sou liicht kréien.
Mat dësem Video wëlle mir all Cheftainen a Cheffen dozou encouragéieren, Aktivitéite fir déi Jonk unzebidden an duerchzezéien.
Et gëllt oppassen, mee net fäerten. Am Video ginn all déi aktuell sanitär Reegele kuerz an einfach erkläert. Wa mir eis all zesummen un d'Reegelen halen, da kann näischt schifgoen.
Dëse Video däerf gären no bausse gedeelt, an un är Guiden a Scoute bzw. Eltere weidergeschéckt ginn.
|
| |
Klickt op d'Bild fir de Video ze kucken |
| |
2. Tronc Commun 3 - 2021
Dir hutt dëst Jar awer nach d'Méiglechkeet op een Tronc Commun ze goen. Dësen ass méi spontan vum 29-30te Mee um Neihaischen.
Wisou lo een Tronc Commun a wisou sou kuerzfristeg ? Am Kader vun engem Pilotprojet vun de lëtzebuerger Jugendorganisatiounen, dem SNJ, MENJE an der Santé, ginn an der Päischtvakanz e puer Aktivitéiten organiséiert fir ze kucke wéi een seng Campen a Weekender an dëser Summervakanz duerchzéie kann. Dobäi maache mir als LGS ee méi spontanen Tronc Commun, ënnert anerem och fir där grousser Demande nozekommen. No der Päischtvakanz gëtt zesummen ee Bilan gemaach a gekuckt wéi et weider geet.
Dir frot iech elo sécher "Wisou duerfen déi dat ? Wisou musse mir eis weiderhi ploen ? Dat ass onfair !" Alleguer d'Jugendorganisatioune maache gezielten eenzel Aktivitéite bei deene ganz genau gekuckt an evaluéiert gëtt, wéi een am Summer däerf ee Camp oder Weekend organiséieren. Dëst geschitt a Cooperatioun mam Menje, dem SNJ an der Santé. Maache mir dëst net, bleiwen d'Restriktioune vu klengen Ekippe weiderhi bestoen an eis Camp'e lafen d'Gefor kleng aus ze falen oder ofgesot mussen ze ginn. Dofir probéiere mir, natierlech ouni Kandidaten a Gefor ze bréngen, dëse Model aus an hoffen datt mir sou een oder méi Modeller fanne fir d'Aktivitéiten am Summer ze vereinfachen.
Eis Sessioune probéiere mir natierlech souvill wéi méiglech dobaussen of ze halen an de Kontakt ausserhalb vun de Patrulle soll weiderhi reduzéiert bleiwen. Eng vun den Ännerunge wäert d'Iwwernuechtunge betreffen. Sou kënnen déi Kandidaten déi sech och schonn dee ganzen Dag an hire feste Patrullen ophalen, dann och an engem Dortoir (oder Zelt) schlofen a mussen net Heem fueren oder gefouert ginn. De Maximum gëtt elo mol op 30 festgesat, well dat och d'Schlofplaze fir Patrullen um Neihaischen hier ginn. Weider Detailer, Ofleef an Eenzelheete ginn nach ofgeklärt a ginn de Kandidaten am Viraus zou komme gelooss.
Mir leeë grouss Hoffnung an dëse Projet fir de Gruppen een hallefwegs normale Camp kënnen ze erlaben an de Gruppen eng Méiglechkeet ze gi fir deene Jonken eng kleng Paus an dësen ustrengenden Zäiten ze ginn.
|
| |
Léif Guiden, Scouten a Frënn vum Native Village Neihaischen,
Leider hu mir wéinst der aktueller COVID-19 Pandemie och dëst Joer de Bealtaine-Festival missen annuléieren. D’Ekipp Native Village huet decidéiert déi 9. Editioun op 2022 ze verleeën, an dat vum 04. – 05.Juni 2022.
Fir Zäit bis 2022 z'iwwerbrécken, bidde mir dëst Joer en „Bealtaine to Go“ un. Dir frot iech elo bestëmmt, wat dat ass?
Mir hunn eng Corbeille mat typeschen Artikele vum Bealtaine zesummegestallt, déi dir doheem an aller Sécherheet genéissen an ausprobéiere kennt. |
| |
Wann d’Coronabestëmmungen et erlaben, da fënnt onsen nächste Patt beim Pit den 10.Juni an Zesummenaarbecht mat respect.lu ronderëm Thema “Radikaliséierung”, statt. Falls et net méiglech wier sech beim Pit ze treffen, dann ass d’Alternativ d’Neihaischen.
|
| |
5. JOB ANNONCE: Agent Educatif (m/w)
|
| |
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
| |
|