'; Lëtzebuerger Guiden a Scouten

LGS Gruppenekipp - Formatioun - Renconter - Mérite jeunesse

Umeldung fir Gruppechef/taine Formatioun

Formatioun fir Gruppechef/taine vun dësem Guiden a Scoutsjoer ass vum 21 Mäerz bis den 23 Mäerz zu Diddeleng am Chalet St Jean.

An dëser Formatioun leiers du oder ee vun dengen zukünftege Gruppechef/tainen aus dengem Grupp alles Wichteges fir däi Grupp herno ze leeden an no baussen ze präsentéieren.

All Interessenten kann sech iwwert de Formulaire umellen:

https://chefbox.lgs.lu/portal/formatioun/143/

Natierlech brauchs du oder deng Chef/taine fir Gruppechef/taine ze ginn och nach zousätzlech den Administrativen Dag, eng Renconter an den Accord vum Grupperot (F10).

Formatiouns-Offerten

Heimat wëlle mir iech op di verschidde Formatiouns-Offerten opmierksam maachen, déi vum Verbandsgrupp zesumme mat der Géisserei organiséiert ginn.

Des Formatiounen si speziell op d’Ufroen an de Besoin an de Chefekippen hin entstanen.

Et géing eis freeën, wann dir des Offert un är Chef:tainen kéint weider gi bzw. mat hinne kéint kucken, wat fir Theme fir ären Grupp wichteg sinn an e puer Leit, op di entspriechend Formatiounen invitéiert. 

Wëll deelweis nach vill Platze frei sinn, kënne mir soss leider net garantéiere, dass d’Sessioune statt fanne kënnen.

Hei ënnendrënner fannt dir eng Iwwersiicht iwwert Formatioune vu Februar bis Abrëll. Zousätzlech Infoe fannt dir all kéiers ënnert dem Titel vun der Formatioun (alternative: wann dir op den Titel vun der Formatioun klickt) an an der Chefbox.

Mir géingen eis freeën iech an ären Grupp op der enger oder anerer Formatioun erëm ze gesinn!

01.Februar: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen

06.Februar: Meet Up – Social Media

08.März: KONFLIKTER, wat maachen… ?

29.März: Meet Up – Motorsee Basis

03.Abrëll: Pubertéit – an elo?

24.Abrëll: Safe from Harm - “Wat spackt deen erëm?” – Kommunikatioun an der

Chefekipp/Grupperot

Renconter den 22. Mäerz

Eis Gruppechef-Renconter steet nees gläich virun der Dir. Dofir kritt dir hei och schonn en Safe the Date. 

Rendez-vous ass den 22. Mäerz zu Diddeleng am Chalet Saint Jean. Op dëser schonn traditioneller Renconter ass et en Austausch tëschent de Kandidatinnen a Kandidate vun der Gruppechefformatioun an deenen déi schonn Gruppechef/taine sinn. 

Am Mäerz kritt dir nach eng Kéier eng Newsletter mat den Detailer an e Link fir iech unzemellen.

De Mérite Jeunesse – Eng Rees fir dech selwer ze entwéckelen!

All Jugendlechen tëscht 14-24 Joer kann seng eege Ziler setzen a seng Fäegkeeten

a véier Beräicher entwéckelen: Benevolat, Talent, Sport an Expeditioun (plus e Projet

résidentiel op Gold-Niveau).

Als aktive Guide/Scout hues du schonn e grousse

Virsprong, well vill Aktivitéiten wéi d’Chef-Formatioun, Hikes oder Campen

automatesch zielen – elo feelt just nach de Volet Sport!

Um Enn kris du e Certificat, deen international unerkannt ass, a vill Méiglechkeeten

opmécht – an däi CV beandrockend mécht.

Dat interesséiert dech? Da mell dech elo bei mir fir wieder Infos a fänk un deng

Aventuren ze plangen!

Kontakt: roxane.fijean@lgs.lu

Méi Infos: https://merite.jeunesse.lu/lu/

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken