Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Avex

Avex-Rallye 🏁

Wéi schonn ugekënnegt, organiséiere mir de 15. Mäerz zesumme mat de Bartrenger Scouten den Avex-Rallye. Dir kënnt Iech elo iwwer dëse Link umellen!

📝 Umeldungen sinn op bis den 7. Mäerz:
👉 Umeldung Avex-Rallye 2025

💶 Käschten: 5€ pro Avex
⏳ Dauer: Ongeféier véier Stonnen
ℹ️ Leider hu mir nach kee Bankkonto fir d'Bezuelungen unzehuelen, mee dat kënnt geschwënn!

Wat musst Dir matbréngen?

  • Picknick
  • Bidon (Waasserfläsch)
  • Giel Weste
  • Foulard
  • Fest Schong

🍔 Falls de Picknick net genuch ass, gëtt et och Gegrilltes & Comptoir op der Plaz – dat kascht natierlech extra. 😉

Treffpunkt & Transport:

Den Depart ass um Parking Enneschte Bësch. Mir recommandéieren Iech mam ëffentlechen Transport bis op d’Léidlenger Gare ze fueren – vun do aus ass et just ee Katzesprong. Falls Dir awer onbedéngt mam Auto komme musst, parkt bei der Gare. 

 

Absurd-Cup ⚽🎉

De 14. Juni ass et sou wäit! Zu Ettelbréck organiséiere mir zesumme mat den Guiden an de Scouten vun Ettelbréck den Absurd-Cup.

📝 Umeldungen sinn op bis den 5. Juni:
👉 Umeldung Absurd-Cup 2025
⏳ Dauer: 9:30 bis 16:30
💶 Käschten: 12€ pro Avex
🎖 Am Präis abegraff: Ee Badge an eng Wurscht
📍 67 Grondwée, 9045 Ettelbréck

📣 Transport: Mir recommandéieren och hei de öffentlichen Transport fir op Ettelbréck ze kommen, sos um parking am Daich  vun do sinn et 20 min zu fouss bei den chalet

 

Stip 2025 🏕️

Den Stip fënnt vum 5. bis den 9. Abrëll statt, an et si nëmme nach wéineg Plaze fräi!

📝 Mellt Iech séier un:
👉 Umeldung Stip 2025

Mir freeën eis drop, Iech op dësen Aktivitéiten ze gesinn! 😊

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken