Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS CaraPio - IronScout

Léif CaraPio- a RaRo-Chef,
Léif Albatrosse Responsabel,

si dir scho fir den IronScout ugemellt?

Wann net, dann ass et elo un der Zäit !

Mir brauchen deng definitiv Umeldung mat de Nimm a Strëmp Gréisst vun all de Chef, Carapio a RaRo bis de 13. März.

Zousätzlech (optional) ka jidderee sech een T-Shirt bestellen, dofir dësen Délais net verpassen!!

All Infos fënns du op der Chefbox

Denk och drun äre Carapio a Raro ze encouragéiere fir Sponsoren ze siche fir all getrëppelte Kilometer (Sponsorformulaire)

Mir brauchen deng Hëllef!

Du bass net als Chef mat um IronScout? Hues awer Zäit a Loscht eng Hand un ze packen? Mir sichen nach Fräiwëlleger déi eis haaptsächlech Freides bei den Atelieren a bei de Posten hëllefen. Du bass intresséiert?

Schreif eis op ironscout@lgs.lu

Hoffentlech bis dann !

Är Iron Scout Ekipp

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken