RECTIFICATIF: LGS Newsletter - 17. Mee 2021 | |
Leider huet sech an der Newsletter e klénge Feehler ageschlach. De Kongress 2021 wäert Samschdes, den 18. September 2021 stattfannen. Mir entschëllegen eis fir dëse Mëssel. |
| |
1. SAVE THE DATE: LGS Kongress 2021
Den LGS Kongress 2021 wäert Samschdes, den 18. September 2021 stattfannen.
Weider Informatiounen zur Plaz, Auerzäit an zum Fonctionnement kritt dir an den nächste Wochen a Méint
|
| |
2. Chefdag 2021 - Opruff!
Wann’s de eppes kanns …
(oder ee kenns, deen eppes kann)
Dann dierfs du dat um Chefdag 2021 op den Däichwisen zu Ettelbréck gäre weisen an aner dovu begeeschteren.
Vläicht bass du schonn éiweg dee beschte Gittar-Spiller, Break-Dancer, Schnitzmesserschnitzer, Jongleur, Geschichtenerzieler, … an dengem Grupp,
Vläicht hues du an der Corona-Zäit en neit Talent an Dir entdeckt,
Vläicht weess du besser wéi all déi aner Bescheed iwwer de Funktionnement vun enger Gasluucht oder iwwer Geologie ronderëm Ettelbréck,
Vläicht häss du deen Dag Loscht op geocachen, awer du gleefs net, dass de Verband sou eng Aktivitéit wäert organiséieren,
Vläicht hues du nach 10 Badger doheem leien, an dreems dovun déi zesumme mat aner Cheffen op d’Uniform opzebitzen (oder ze pechen) (bréng da w.e.g. en T-Shirt mat ),
Da bass du dee richtegen fir ee vu 40 verschidden Atelieren ze organiséieren, dëst mam Zil fir de Cheffen nei Iddien a vill Motivatioun mat op de Wee ze ginn.
De Chefdag 2021 leeft ënner dëser Form :
- zu all voller Stonn fänkt en Atelier, Workshop, Tour, Gespréichsronn, Kompetitioun, … un, moderéiert oder begleet vu Cheffen an/oder Membere vum Verbandsgrupp ;
- d’Unzuel vu Leit pro Atelier läit tëscht 10 an 20 (maximal awer souvill wéi dee Moment erlaabt) ;
- et ass kee Stroum verfügbar ;
- den Atelier ass op der Däichwiss oder an der Ëmgéigend ;
- d’Participante kënne sech am Viraus aschreiwen (fir sech hir Plaz ze sécheren), mussen awer net (fir deen Dag flexibel ze bleiwen). Et ass also méiglech, dass Cheffen eppes kënne matbréngen, wat gebraucht géif ginn (z.B. e Schnëtzmesser) ;
- en Atelier dauert ronn 45 Minutten ;
- all Atelier erfëllt den Usproch, dass d’Cheffen aktiv matmaachen.
Soss Detailer an Ënnerstëtzung op programm_ekipp@lgs.lu
|
| |
2022 ass d’Europäesch Kulturhaaptstad zu Esch, respektiv an de Südgemenge vum Land.
D’Organisateuren sinn un d’LGS erugetrueden fir och um Programm Deel ze huelen. Den Datum ass fir d’LGS vum 2. – 6. Abrëll 2022.
Mir wëllen hei iwwer déi Deeg verspreed verschidden Atelieren an Esch ubidden fir Kanner a Jonker vu 6 Joër un. Fir jiddereen soll eppes derbai sinn. Beräicher vun der Kultur bei den LGS sinn z.B. Kreativitéit, Musik, Natur, Kachen, Theater, …
Bis zum Summer giffe mer gären ee provisoresche Programm opstellen an dofir brauche mer elo är Hëllef.
- Hues du eng Idee fir esoueen Atelier ?
- Wëlls du selwer en Atelier halen ?
- Wärs du interesséiert een oder méi Deeg ze hëllefen ?
- Hues du soss eng Idee wat nach kéint an dëse Kader passen ? Aner Aktivitéiten (Concert’en, Ausstellungen, Owesaktivitéit, …)
- …
Da fëll w.e.g. folgend Form aus : https://forms.gle/6biHPNZXnk1Z3rb19
Oder schreif ons einfach deng Gedanken op programm@lgs.lu.
Fir all Interessenten ass och eng Versammlung de 17. Juni 2021. Déi genee Plaz an Auerzäit ginn nach kommunizéiert. |
| |
4. De Grupp vu fréieren Aumônieren
De Grupp vun fréieren Aumônier’en an Animateurs spirituels vun de « Lëtzebuerger Guiden a Scouten »
Déi fréier national a lokal Aumônieren an Animateurs spirituels vereenegen sech an engem Grupp, deen hinnen Begéinung ennerteneen erméiglecht. Dëse Grupp wëllt de Lien matt den LGS oprecht erhaalen an de Verband do ënnerstëtzen, wou et erwënscht ass.
Dëst gëllt besonnesch fir d'Bezéiung zu den aktuellen Aumônieren an Animateurs spirituels.
Hien hëlleft déi spirituell a reliéis Geschicht vun den LGS opzeschaffen. Eng kleng Equipe assuréiert d'Koordinatioun vun den Aktivitéiten.
D’LGS hunn sech zënter Jore méi opgemaach fir Kanner a Jugendlech vun alle Reliounen a Weltuschauungen. Dëst ass eng verständlech Optioun. Si wëllen an enger multikultureller a säkulariséierter Gesellschaft ville Jonken d’Méiglechkeet ginn, fir no der Methode vum Baden-Powell zu Perséinlechkeeten erunzewuessen. Dozou gehéiert och d’Bereetschaftan d’Fäegkeet, nei Erfarungen ze maachen, sech neien Erausfuerderungen ze stellen an dës mat aneren ze beschwätzen. Esou léiert de Jugendlechen sech op d‘Liewen ze besënnen, et a Sprooch ze bréngen, a Repèren ze fannen. Hie kann sech fir e perséinleche Liewensstil entscheeden an aus engem Geescht vun Oppenheet an Engagement eraus liewen. Dat heescht an anere Wierder: seng eege Spiritualitéit entwéckelen.
Heizou publizéieren fréier Aumônieren an Animateurs spirituels e Positiounspabeier.
|
| |
5. RAP - Déi nei Methode si prett!
De leschte Sonnden huet d’RAP Ekipp (Renewed Approach to Programme), zesumme mat de Branchen, dem Verbandsgrupp am Stater Conservatoire déi fäerdeg Methode presentéiert.
Mat den neie Methode ginn sech d’LGS en zesummenhänkend Dokument, esouwuel inhaltlech wéi och an der Form, mat kloer formuléierten edukativen Ziler a folgende 5 Beräicher:
• de Kierper
• de Geescht
• d’Gefiller
• dat Soziaalt
• dat Spirituellt
D’Methode kréien elo nach de leschte fine-tuning a ginn dann offiziell presentéiert.
Fir datt d’Theorie och an d’Praxis ëmgesat ka ginn, schaffen d’Branchen och elo schonn zesumme mat deenen aneren Ekippen u verschiddene prakteschen Dokumenter. Déi éischt sinn dofir schonn am Summer 2021 prett.
E grousse Merci geet un d’RAP Ekipp fir hiren Engagement vun de leschte Joren. Si sinn awer och elo weiderhin do fir d’Ekippe bei dëser leschter Etapp ze ënnerstëtzen.
|
| |
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
| |
|