Programm: Den 21.7, 22.7., 23.7., 24.7. een Atelier oder Spill ubidden (am léifsten déi 4 Deeg; eenzel Deeg ginn awer och) oder de 25. Juli ee Spill bei der Olympiad encadréieren. Déi Ateliere resp Spiller si präparéiert an dir braucht just dohin ze kommen☺!
Hei sinn e puer Iddie:
-
Leit déi Loscht op Zirkus hun an evtl och schon e bessi Erfahrung hunn
-
Leit déi e puer Zaubertricker kënnen, an se och de Wëllefcher weisen resp. bäibrénge kéinten
-
Leit déi gäre schnëtzen
-
Leit, dei kreativ sinn
-
Leit, déi gäre Geschichten erzielen
Awer och wa keng vun denen opgezielte Saachen an däi “Schema” passt, kanns du dech trotzdem mellen; mir fanne fir jiddereen eppes! Mell dech dofir beim Jackie Appel (jackie.appel@lgs.lu oder programm@mystaria.lu)
Crèche/Minicamp: d’Kanner vum Staff encadréieren fir hinne wärend dem Camp flott Aktivitéiten ze bidden. Mell dech dofir beim Lexy Meier (lexmeier@gmail.com)
Falls du nach Froen hues, da mell dech beim Nicole (nicole.turmes@lgs.lu) oder beim Tija (cindy.melcher@lgs.lu) oder op eiser CampEmail(admin@mystaria.lu)!
Villmools Merci am Viraus scho fir deng Hëllef;
Nicole Turmes an Tija Melcher
Sekretariat um Mystaria-Camp |