Leif Clancheffen,
Et ass erem sou wäit, den nächsten Clash of Clans steet virun der Dier.
Als klengen Rappel: De Clash of Clans ass en Cheftreff vir sech auszetauschen an eremzegesin.
Desen fennt owes op eisem Methodendaag statt, des Keier an der Geisserei, dei no der Iwwerschwemmung am Juli 2021 endlech rem vir de Public op ass.
Adress:
5, rue Munchen-Tesch
L-2173 Luxembourg
Datum ass den 29. Mäerz 2025 ab 19h00, des Keier ennert dem Thema: Outdoorküche, wou den Daniel Schuh mat iech zesummen eng kulinaresch Excursioun an desem Thema mecht.
Mir froen just dass der 10€ dofir matbrengt an natierlech gudd Laun an Honger.
Vir Gedrenks ass natierlech och gesuergt.
Mir hoffen iech zu e puer dierfen ze begreissen.
Mellt iech w.e.g. bis speidstens den 23. Mäerz iwwer raro@lgs.lu un.
Leif Greiss vun der Raro-Ekipp. |