Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Corona Update - 21.05.2021

 

Léif Cheftainen a Chef,

Den Educatiounsminister huet eis wärend enger Reunioun matgedeelt, dass d’Guiden- a Scoutsaktivitéite weiderhin ausdrécklech erwënscht sinn. Natierlech musse mir eis dobäi nach ëmmer un d’Recommandatioune vum Ministère a vun der Santé esouwéi un d’Restriktiounen aus dem Pandemiegesetz halen. 

 

Fir Versammlungen an Sortien gëllt weiderhin:

  • D‘Aktivitéiten (Versammlungen a Sortien) fannen a Kontaktgruppe vu maximal 10 Leit (Kanner/Jugendlecher a Chefs) statt.
  • Eng Kontaktgrupp muss wärend der ganzer Aktivitéit vun deene selwechte Chef/taine betreit ginn.
  • E puer Kontaktgruppe kënnen zum selwechten Zäitpunkt eng Aktivitéit op deem selwechte Site hunn, ënnert der Konditioun, dass se permanent Distanz zu eneen halen a sech net vermëschen.
  • D’Aktivitéiten däerfen nëmmen dobausse stattfannen.
  • Jiddereen huet wärend der ganzer Aktivitéit eng Mask un.
  • Et däerf wärend enger Aktivitéit giess ginn. Heibäi däerfe maximal 4 Leit beienee sëtzen, dës mussen an der selwechter Kontaktgrupp sinn an op d’mannst 2 Meter Ofstand zu deenen aneren „Iessgruppen“ halen. Wärend dem Iessen däerf d’Mask ausgedoe ginn. Mir recommandéiere weiderhin, dass jidderee seng eege „Lunchtut“ matbréngt oder kritt. Och d’Iesse muss dobausse stattfannen.

 

Ab dem 31. Mee sinn och nees Aktivitéite mat Iwwernuechtung erlaabt, wou speziell Konditiounen gëllen.

 

Fir Weekender mat Iwwernuechtung gëllt:

  • De Weekend muss op d‘mannst 2 Wochen am Viraus ugemellt an accordéiert sinn. Dësen Delais ass noutwenneg fir ze garanteieren, dass dir d’Schnelltester gestallt kritt. Dir gitt vun der Géisserei kontakteiert, wéini an wou dir d’Tester kënnt ofhuelen.
  • Jidderen huet während der Aktivitéit eng Mask un.
  • Maximal 50 Participanten (Kanner a Chef) bilden eng Kontaktgrupp. Fir z’iessen an ze schloofen gëtt dëse Kontaktgrupp vu 50 Participanten an ënnergruppe vun maximal 4 Leit opgedeelt. Déi zougedeelten 4er Gruppen bleiwen iwwert déi ganz Dauer fix a duerfen net geännert ginn.

 

Iessen an Iwwernuechtung:

  • Maximal 1 Ënnergrupp (4 Leit) dierf beim Iessen un engem Dësch sëtzen, hei dierfen d’Masken ausgedoen ginn. Distanz vun den Dëscher ass 2 Meter.
  • Maximal 2 Ënnergruppen (8 Leit) dierfen an engem Dortoir/ Zelt schlofen, hei dierfen d’Masken ausgedoen ginn.
  • Anescht wéi bei enger Versammlung oder Sortie, muss sech am Fall vun engem Weekend/Camp net méi un 10er Gruppen gehalen ginn. Dir hutt hei d’Méiglechkeet d’Aktivitéit an ärer Kontaktgrupp vu maximal 50 Participanten duerchzeféieren. Wärend der ganzer Aktivitéit muss jiddereen d’Mask ubehaalen.


Schnelltest:

  • Fir um Weekend deelhuelen ze dierfen, muss all Participant bei der Arrivée ee Schnelltest maachen. Et mussen déi Schnelltester benotzt ginn, déi mir vum Ministère kréien. No der Umeldung kritt dir en Dokument mat méi detailleirten Erklärungen.
  • Déi mannerjäreg Participante mussen ee Consentement vun den Elteren ausfëllen a bescheinegen, dass si kee (wëssentlechen) Kontakt mat enger Persoun haten, déi positiv getest gouf. D’Eltere verpflichten sech hiert Kand zu all Moment ofzehuelen, wann et ee positive Fall während dem Weekend gouf. 
  • Wann d’Aktivitéit méi wéi 2 Nuechten dauert, muss all Participant vum 2t Dag un ee weidere Schnelltest maachen (all Dag een aneren Deel vun de Participanten). Wann ee Schnelltest während der Aktivitéit positiv ass, muss de Camp/ Weekend ofgebrach ginn.


Sanitärt Konzept:

Fir d’Weekender mat Iwwernuechtung  muss ee sanitärt Konzept opgestallt ginn, wat folgend Punkte berécksiichtegt: 

  • Wéi vill Participanten huelen un der Aktivitéit deel a wéi sinn se an Ënnergruppen opgedeelt.
  • Wee schléift am nämmlechten Dortoir/Zelt.
  •  Wee sëtzt um nämmlechten Dësch.
  • Ee Chef muss responsabel si fir d’Schnelltester ze maachen an am Fall vun engem positive Resultat dëse bei der Santé ze declaréieren. 

 

Mir hoffen, dass dir trotz dëse Restriktioune weiderhi flott Aktivitéite kënnt organiséieren. Als Guiden a Scoute kënne mir de Jonken, déi bei eis kommen, et erméiglechen, an engem geschützte Kader aktiv ze sinn, fir dass si esou gutt ewéi méiglech duerch dës Zäit kommen.

 

Mir soen iech e grousse MERCI fir äert Engagement, är Flexibilitéit an äre super Asaz.

Marc WEIS an Angélique KRIER, TEAM

David HECK, LGS-Dokter

 

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken