Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Newsletter - Reglementännerungen & Verspriechen

1. Ännerungen an den LGS-Reglementer Nr 6 an 9

De Verbandscomité an de Verbandsrot hunn d’Reglementer Nr 6 (Formatioun vun de GC) an Nr 9 (Ernennungen) iwwerschafft. Hei fannt dir déi nei Versiounen, déi vun elo u gëllen: 

Reglement 6
Reglement 9

Déi wichtegst Ännerungen am Resumé:

  • De Mindestalter fir eng Ernennung als GC a GCadj fällt vu 25 Joer op 21 Joer (19 Joer fir mat der Formatioun unzefänken).
  • D’Prozeduren, fir eng Ernennung unzefroen, goufen un den aktuellen online-System ugepasst.
  • „Alternativ“ Méiglechkeete fir eng Ernennung z'erneieren (Uni am Ausland, Staff op nationalen Aktivitéiten, Verbandsgrupp) ware säit laange Jore gängeg Praxis ouni am Reglement ze stoen, dës goufe bäigesat.

2. Speziell Konditioune fir d’Leedung vun de Summercampen

Well national Campen, déi fir dëse Summer geplangt waren, verluecht respektiv ofgesot goufen, huet de Verbandscomité speziell Konditioune fir d’Leedung vun de Summercampen 2021 festgeluecht. Dës sinn an dësem Dokument festgehal:

Leedung vum Camp

3. Statutenännerung: Verspriechenstext

De Verbandscomité proposéiert, um Verbandskongress vum 18.09.2021 de Verspriechenstext an den LGS-Statuten entspriechend der Propose vum AG „Verspriechen“ z'änneren. De geneeën Text a weider Erklärunge stinn an dësem Dokument: 

Verspriechenstext

Cheftainen a Chef, déi um Kongress stëmmberechtegt sinn, kënne bis spéitstens de 6. August Amendementer zu dëser Propose schrëftlech beim CoGé (team@lgs.lu) eraginn.

Lalux Assurances Voyages Vandivinit
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen    |    Online kucken