Léif Gruppecheftainen a Gruppecheffen,
Op Basis vun der Analyse vun der Ëmfro iwwert d’Formatioun bei den LGS, déi am Joer 2024 a Kooperatioun mam SNJ duerchgefouert gouf, koum et elo zu 2 Upassunge beim 1. Formatiounszyklus:
1. Als Ofschloss vum 1. Zyklus muss ee säi Stage elo net méi mat engem schrëftleche Rapport ofschléissen, mee mat engem Bilansgespréich mat sengem Gruppechef respektiv sengem Adjoint.
2. Den Ufanksalter fir d’Formatioun vum 1. Zyklus unzefänken ass elo 16 Joer.
Fir déi Kandidaten, déi grad schonn an hirem Stage sinn an de Rapport scho geschriwwen hunn oder gäre wëllen mam Rapport nach ofschléissen, gëllt eng Iwwergangszäit wou de schrëftleche Rapport weiderhin akzeptéiert gëtt.
Hei fannt dir e Leitfaden mat Propose wéi dat Bilansgespréich mam Gruppechef, respektiv sengem Adjoint, kann oflafen:
https://chefbox.lgs.lu/desk/upassung-vum-1-formatiounszyklus/
Mat beschte Guiden- & Scoutsgréiss
D’Gruppenekipp
Mer géifen eis freeën wann der no ären éischten Gespréicher der Gruppenekipp via ärem Pätter oder ärer Giedel en Feedback géift ginn.
Pour Info: Nächst Renconter 29.6. um 10:00 zu Niederanven, Infoen kommen nach no |