Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Formatioun - Ännerung Formatiounsreglement: Upassung vum 1. Formatiounszyklus - Betrëfft Gruppecheffen a Kandidaten
Léif Cheftainen a Cheffen,
 
Dëse Message riicht sech an éischter Linn u Gruppecheffen a Kandidate vum 1. Formatiounszyklus.
 
Op Basis vun der Analyse vun der Ëmfro iwwert d’Formatioun bei den LGS, déi am Joer 2024 a Kooperatioun mam SNJ duerchgefouert gouf, koum et elo zu 2 Upassunge beim 1. Formatiounszyklus:
 
  1. Als Ofschloss vum 1. Zyklus muss ee säi Stage elo net méi mat engem schrëftleche Rapport ofschléissen, mee mat engem Bilansgespréich mat sengem Gruppechef respektiv sengem Adjoint.
  2. Den Ufanksalter fir d’Formatioun vum 1. Zyklus unzefänken ass elo 16 Joer.
 
Fir déi Kandidaten, déi grad schonn an hirem Stage sinn an de Rapport scho geschriwwen hunn oder gäre wëllen mam Rapport nach ofschléissen, gëllt eng Iwwergangszäit wou de schrëftleche Rapport weiderhin akzeptéiert gëtt.
 
An der Annexe fannt dir weider Detailer, souwéi e Leitfaden mat Propose wéi dat Bilansgespréich mam Gruppechef, respektiv sengem Adjoint, kann oflafen. Dëst Dokument ass zesumme mat der Gruppenekipp opgestallt ginn.
... weider Infoen
Lalux Assurances BeFresh Voyages Vandivinit BIL

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken