Lëtzebuerger Guiden a Scouten
17. Mee - Bronzene Wollef

Sief bei deem groussen Event dobäi, wann den Ierfgroussherzog Guillaume um Neihaischen de Bronzene Wollef iwwerreecht kritt. Well dëst déi allerhéchsten Auszeechnung am Scoutissem ass, reese vill VIPs aus dem In- an Ausland un.

No enger kuerzer, offizieller Zeremonie steet eng grouss Feier ronderëm d'Keltenhaus um Programm: mat Iess-Stänn vun eiser Ekipp Native Village, engem grousse Bar am Keltenhaus, Musek a villem méi.

Onse Chef Scout leet vill Wäert drop, dëse Moment mat jonke Cheftainen a Chef ze feieren. Du bass häerzlech invitéiert (Iessen a Gedrénks abegraff) mat dobäi ze sinn.

Mëll dech un!
Lalux Assurances BeFresh Voyages Vandivinit BIL

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken