Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS RaRo - RaRo Cafe

Bass du e Scoutschef oder Raro? Hues du den 28.06.2025 Owes Zäit? Honger an Duscht och nach? Mee Tipptopp, dann hu mir, d'Mierscher Raro déi perfekt Aktivitéit fir dech. Net iergendeen ee , mee DEN RARO-Café vun de Mierscher LGS. Wat war d'Fro wat, wou, wéi? Den RARO-Café ass zu Miersch am Home St. Michel, Adress: 1 Rue du Moulin Miersch L-7559.

Mell dech bis den 21.06.2025 bei der E-mail: raro@miersch.lgs.lu oder iwwer What's App beim Thao Miersch un (GSM: 621675816) un! Plat du Jour ass Fierkel um Spieß fir 20€  , Geméiss vum Grill fir d'Vegetarier fir 10€ an sou vill Béier vum Faass wei de Portmonnien oder de Bauch hiergëtt. Et besteet och d'Méiglechkeet bei eis ze schlofen, dir musst nëmme schlofsack a carrymat dobäi hunn an den Dag duerno am beschten am laf vum Moie fort sinn. An d'Umeldung sollen d'Nimm vu sämtleche Léit déits du umells + de Grupp + op a wat giess gëtt (+Allergien) + ob do bei eis schloft.

 

Mir freeën eis op iech all!!

 

Mat allerbeschte Gréiss

 

Mierscher Raro

Lalux Assurances BeFresh Voyages Vandivinit BIL

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken