Léif Guiden a Scouten,
Wéi dir villäicht mat krut, huet WOSM e puer Ufuerderungen un all national Verbänn erausginn.
Eng vun dësen Ufuerderungen ass, datt all Verband zwee Code de Conduite muss hunn, ee wéi Erwuessener sech géigeniwwer aner Erwuessener verhale sollen an en zweeten, wéi Erwuessener sech vis-à-vis vu Mannerjärege verhale sollen.
Well eis d'Meenung vun der Base wichteg ass, hate mir verschidde Workshoppen organiséiert, fir doriwwer ze diskutéieren. Mat dem Input dee mir kritt hunn, hu mir elo eng éischt Propose fir déi zwee Code de Conduiten ausgeschafft.
Iwwert dëse Wee wëlle mir all Member d’Méiglechkeet ginn, seng Meenung zu dëser Propos ze soen.
Fëllt w.e.g. d'Ëmfro aus an hëlleft eis esou, datt déi zwee Code de Conduiten ärem Scouts-Alldag wierklech gerecht ginn. Dir kéint eis awer och gären eng Email schécken, wann dat fir iech méi einfach ass.
Wann äre Grupperot interesséiert ass, komme mir och gären eng Kéier bei iech laanscht, fir d’Thema zesummen ze diskutéieren. Mellt iech dofir einfach op sfh@lgs.lu
Mir soen iech all villmools Merci am Viraus,
Safe from Harm Ekipp |