Léif Gruppechef,
Duerch dës Ëmfro wëlle mir erausfannen, a wéi enge Gruppen de Mini-Grupperot scho bekannt ass, schonn emol ausprobéiert gouf oder souguer scho reegelméisseg stattfënnt. Ausserdeem wëlle mir eraus fannen, wei mir iech bei der Aféierung a weiderer Ëmsetzung vum Mini-Grupperot ënnerstëtze kennen.
Falls dir iech net selwer ëm de Mini-Grupperot këmmert, géinge mir eis freeën, wann dir des Ëmfro der zoustänneger Persoun kéint weiderleeden.
Villmools Merci fir är Mataarbecht! 😊
📌 Äre Grupp huet de Mini-Grupperot viru kuerzem oder viru längerem agefouert? Dir wëllt iech mat anere Gruppen austauschen, héieren, wéi et bei hinne leeft, a gemeinsam Iddie sammelen, fir äre Mini-GR nach méi flott ze maachen?
Dann ass de Meet-Up: Mini-Grupperot-Austausch genee dat Richtegt fir iech! Ënnert dësem Link kënnt Dir Iech umellen: https://chefbox.lgs.lu/portal/formatioun/150/
Och wann Dir nach kee Mini-GR hutt, awer interesséiert sidd, sidd dir häerzlech Wëllkomm! Lauschtert mat, stellt Froen a profitéiert vun den Erfarunge vun deenen aneren.
Fir all Froen zum Mini-Grupperot kënnt Dir Iech gäre bei mir mellen: liz.feinen@lgs.lu |