4) OPEN CALL: 42th WOSM World Scout Conference & 14th World Scout Youth Forum
Mir, d’International Equipe vun den LGS sichen no motivéiert Guiden a Scouten, déi um 14. WOSM Jugendforum (18. bis 22. August 2021) an un der 42. WOSM Weltkonferenz (25. bis 29. August 2021) géifen deelhuelen.
Ëm wat geet et?
Fir de weltwäite Scoutsmouvement weider um Lafenden ze halen, treffen sech all Memberorganisatiounen (+170) vu WOSM fir d’Welt Scoutskonferenz a fir de World Scout Youth Forum all 3 Joer.
D’Weltkonferenz ass ewéi eng grouss international Assemblé Générale/Kongress, wou d’Zukunft vum Scoutissem débatéiert gëtt.
De Jugendforum bitt de jonke Leit d’Méiglechkeet sech Iddien iwwer international Projeten ze maachen an sech auszetauschen an esou d'Wënsch vun de jonke Leit op der Weltkonferenz méi no un d’ICen ze bréngen. Um WSYF ginn och d’Youth Advisors (Jugendberoder) gewielt, déi Deel vum World Scout Committee sinn.
Zesumme mat eis kënnt dir matmaachen an hëllefen d’Zukunft vun de Scouten an déi richteg Richtung ze steieren. D’Zil fir d’Participanten ass et, dat Wëssen, wat si um Jugendforum kritt hunn, matzehuelen an duerno eisen I.C., Bruno Martins op der Weltkonferenz z’ënnerstëtzen.
De Jugendforum fënnt tëscht dem 18. an den 22. August an d’Weltkonferenz tëscht dem 25. an dem 29. August statt. Dat Ganzt ass wéinst der Corona Pandemie online. |