Dëse fënns du am Kompass op Säit 7. De Kompass fënns du um Enn vun dësem Mail.
Nodeems déi al ASBL hiren Numm op "Frënn vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten" ëmbenannt huet, proposéiere mir den Numm vun eiser ASBL vu "Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten" op "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" ze änneren. Déi genau Ännerungspropose fannt dir hei (cf. Ordre du jour Säit 7).
D'Umeldung fir de Kongress a Chefdag ass individuell, dat heescht: all Chef/taine muss sech selwer umellen. Mell dech hei un: https://chefbox.lgs.lu/desk/chefdag-kongress/
All stëmmberechtegte Member vum Kongress kritt bei der Aschreiwung 1 Stëmmkaart. Wie fir de Kongress verhënnert ass, kann engem aneren, stëmmberechtegten, Member vum Verbandskongress eng Procuratioun gi fir a sengem Numm ofzestëmmen (dat geschitt iwwert de Formulaire hei ënnen drënner), dëse kritt dann eng zweet Stëmmkaart. Et ka kee méi wéi zwou Stëmmkaarten hunn. (Art. 4.1.4 vun den LGS-Statuten)
Iwwert dëse Formulaire kanns du engem anere stëmmberechtege Member aus dengem Grupp eng Procuratioun ginn.
- Dikussiounsronnen um Kongress
Du hues en Thema fir eng Diskussiounsronn um Kongress? Da kanns du dëst Thema hei uginn an och aner Themen "liken".
De Kongress a Chefdag si Checkpoint-Eventer. Wann s du deng Chefkaart bei engem Checkpoint um Kongress a Chefdag (Receptioun) presentéiers, kriss du ee Paddel gutt geschriwwen. Du fënns deng Chefkaart an der Chefbox am Dashboard oder an der LGS App ënnert "Meng Chefkaart"
- Kongress: Iwwersetzung op Franséisch an Englesch
Eng direkt mëndlech Iwwersetzung vum Lëtzebuergeschen an d'Franséischt an Englescht ass um Kongress virgesinn.
Une traduction simultanée du luxembourgeois vers le français et l'anglais est prévue pour le congrès.
Simultaneous translation from Luxembourgish into French and English will be provided during the congress.
De Chalet zu Käl huet 26 Better an eng kleng Campwiss. Wann en do wëll schlofen, huet en d’Méiglechkeet am Chalet ze schlofen, oder an der Wiss e klengt Zelt opzeriichten. Umeldung fir ze schlofen: scouten@kayl.lgs.lu
Um Chefdag ginn eng sëlleg Workshoppen an Infostänn ugebueden. |